Am Basket spillt d'Lëtzebuerger Hären Nationalekipp den Owend um hallwer 9 an der Pre-Qualifikatioun fir d'EM 2021 géint Portugal.

Hei fannt Dir de Livestream vun 20.30 Auer un.

Am Basket spillt d'Lëtzebuerger Hären-Nationalekipp den Owend um hallwer 9 an der Pre-Qualifikatioun fir d'EM 2021 heiheem géint Portugal.
D'Portugise sinn um Pabeier däitlech an der Favoritte Roll, dierften awer virun der FLBB-Formatioun gewarnt sinn.

Virun 8 Méint gouf et fir d'Lëtzebuerger a Portugal nëmmen eng ganz knapp 85 op 91 Néierlag no der Verlängerung. Trotzdem sinn d'Rollen en Donneschdeg kloer verdeelt, an et ass och net dovun auszegoen, datt d'Portugisen déi ganz Saach nach emol op déi liicht Schëller huelen.

A punkto Spiller ass déi portugisesch Ekipp praktesch déi selwecht wéi nach am November 2017. Fir d'Preparatioun war dëst sécher vu Virdeel.

De leschten Heemmatch am Februar géint Zypern war e bësse méi enttäuschend. Virun allem offensiv ass bei der Ekipp vum Trainer Ken Diederich net vill zesumme gaang.

Lëtzebuerg spillt en Donneschdeg um hallwer 9 am Gymnase vun der Coque géint Portugal.

D'Resultater aus dem Group C

Zypern - Portugal  69 : 67
Portugal - Lëtzebuerg  91 : 85
Lëtzebuerg - Zypern 53 : 67
Portugal - Zypern 76 : 64

Tabell (virum 28. Juni 2018)

 GAMESSTREAKGAME POINTSPOINTS
 TeamPWL%Last 5ForAgt+/-FAAA 
1 Portugal 3 2 1 66.7   234 218 16 78 72.7 5
2 Cyprus 3 2 1 66.7   200 196 4 66.7 65.3 5
3 Luxembourg 2 0 2 0   138 158 -20 69 79 2