Dëse Weekend war am MotoGP de Grand Prix vun Tschechien, wou et eng duebel Victoire vun Ducati gouf. Dat duerch den Andrea Dovizioso an de Jorge Lorenzo.

Den Andrea Dovizioso op Ducati gewënnt mat enger Avance vun nëmme 0,178 Sekonne virun sengem Team-Kolleg Jorge Lorenzo de Groussen Praiss vun Tschechien zu Brno. Mat 0,368 Sekonne Retard packt de Marc Marquez op Honda et op déi 3. Plaz. De Marc Marquez bléift awer weiderhin un der Spëtzt vum WM-Klassement, dëst mat 49 Punkte virum Valentino Rossi op Yamaha.

© AFP

An der Moto2 gewënnt de Miguel Oliveira op KTM virun béide Kalex-Piloten Luca Marini a Francesco Bagnaia. Si haten e Retard vu 0,070 an 0,525 Sekonnen op de Gewënner. De Miguel Oliveira huet am WM-Klassement domadder elo eng Avance vu 2 Punkte op de Francesco Bagnaia.

© AFP

An der Moto3 setzt de Fabio Di Giannantonia sech mat engem Virsprong vun 0,112 Sekonne virum Aron Canet, allebéid op Honda, an 0,339 Sekonne virum Jakub Kornfeil op KTM duerch. D'Piloten Enea Bastianini an Lorenzo Dalla Porte vu Leopard Racing kommen op déi 4. an 10. Plaz mat 0,560 an 2,056 Sekonne Retard. Am WM-Klassement bléift de Marco Bezzecchi awer weiderhin un der Spëtzt, dëst mat 3 Punkte op de Jorge Martin.