Um 1. Spilldag vun der Premier League gewënnt Chelsea mat 3:0 géint Huddersfield an Tottenham klappt Newcastle mat 2:1. Liverpool wënnt 4:0 a City mat 2:0.

Premier League

Am éischte Match vum Dag gewënnt Tottenham méi oder manner souverän mat 2:1 zu Newcastle. Nodeems de Vertonghen Tottenham a Féierung bruecht huet, konnt de Joselu nëmme puer Minutten drop ausgläichen. Mee den Dele Alli huet d'Spurs no enger schéiner Flank vum Aurier an der 18. Minutt nees a Féierung bruecht. Bei dësem Resultat sollt et dann och bleiwen. D'Ekipp vum Maurizio Pochettino hat io op sech opmierksam gemaach well se an dëser Transferperiod weder e Spiller kaf oder verkaf hunn.

An och Chelsea gewënnt an dat souverän mat 3:0 géint Huddersfield. Nodeems de Kanté d'Londoner mat 1:0 a Féierung bruecht huet, konnt de Jorginho an der 45. Minutt per Eelefmeter op 2:0 erhéijen. No 80 Minutten huet de Pedro op 3:0 gestallt. Den Eden Hazard stoung net an der Startformatioun a gouf an der 76. Minutt agewiesselt.

Liverpool konnt sech e Sonndeg souverän mat 4:0 géint West Ham duerchsetzen. De Salah konnt d'Reds an der 19. Minutt schonns a Féierung bréngen. De Sadio Mané konnt mat sengem zwee Goler de Virsprong erhéijen an an der 88. Minutt huet de Sturridge du fir d'4:0-Schlussresultat gesuergt.

Am Spëtzematch konnt sech e Sonndeg Manchester City mat 2:0 géint Arsenal London behaapten. De Raheem Sterling konnt d'Citizens schonns an der 14. Minutt mat 1:0 a Féierung bréngen. An der zweeter Hallschent war et de Bernardo Silva, deen an der 64. Minutt fir d'2:0-Schlussresultat gesuergt huet.