An dräi Sätz konnt sech e Lëtzebuerger géint den Amerikaner am éischten Tour duerchsetzen.

De Spiller vun der Spora ass bei dësem Tournoi op Nummer 5 gesat an huet  am éischten Tour géint den onbekannten Amerikaner Christopher Eubanks (AFP 236) gespillt.

Am éischte Saz konnt sech de Gilles Muller mat 6:4 duerchsetzen, mat den zweete Saz war fir de jonken Amerikaner, och mat 6:4. Esou huet et missten an den drëtten an entscheedende Saz goen.  Do stoung et 3:2 fir de Gilles Muller an hie konnt dem Eubanks den Opschlag ofhuelen an op 4:2 erhéijen. Dono konnt béid Spiller hiren Opschlag duerchbréngen, esou datt de Gilles Muller dëse Saz mat 6:3 konnt gewannen an esou och de Match fir sech entscheet huet.