Déi 3 Lëtzebuerger Futtballiste Laurent Jans, Enes Mahmutovic a Lars Gerson waren allen 3 en Dënschdeg fir hir jeeweileg Ekipp de ganze Match am Asaz.

De Laurent Jans huet en Dënschdeg an der Coupe de la Ligue de ganze Match mam FC Metz géint Grenobel gespillt. D'Ekipp aus der Lorraine huet sech 2-1 duerchgesat. De Jans huet ënnert den Ae vum Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz, déi 90 Minutten iwwer, e ganz gudden Androck hannerlooss.

An der englescher Coupe de la Ligue huet den Enes Mahmutovic a sengem éischten offizielle Match mat der Profisekipp vu Middlesbrough direkt e Gol geschoss. Et war den 2-2 an der 44 Minutt géint Notts County. Um Enn wënnt Boro no Eelefmeterschéissen 4-3.

An der ieweschter Divisioun a Schweden hat de Lars Gerson mat Norrköping beim 0-0 géint den 2. Hammarby déi 90 Minutten gespillt. Norrköping steet an der Tabell op der 4. Plaz.