De Lëtzebuerger verléiert um Mëttwoch den Owend eiser Zäit an zwee Sätz mat 4-6 a 6-7 géint den Däitschen Yanick Maden, d'Nummer 131 op der Welt.

De Gilles Muller kënnt am aktuelle Ranking op déi 117. Plaz.

Keng Chance hat och d'Eléonora Molinaro. Déi jonk Lëtzebuergerin gouf e Mëttwoch bei engem ITF Tournoi zu Cuneo an Italien am zweeten Tour eliminéiert. Déi op Nummer 1 gesaten Eléonora Molinaro verléiert an dräi Sätz mat 5-7, 6-3 an 2-6 géint d'Italienerin Bianca Turati. Out och am Dubbel. Do verléiert d'Eléonora Molinaro zesumme mat hirer maltesescher Partnerin Elaine Genovese an zwee Sätz mat 2-6 a 4-6 géint eng italienesch Koppel.