Kuckt de Match tëscht dem F91 an CFR Cluj en Donneschdeg um 20 Auer live op RTL Télé Lëtzebuerg, op RTL.lu an op der App.

AUDIO: F91 prett fir Match géint Cluj / Reportage Christophe Jost

En Donneschdeg den Owend spillt den F91 am Playoff fir d'Gruppephas vun der Europa League géint Cluj aus Rumänien. Den Allersmatch gëtt um 20 Auer am Stade Josy Barthel an der Stad ugepaff.

An der 3. Ronn vun der Qualifikatioun hat Diddeleng sech jo iwwerraschend géint Legia Warschau aus Polen duerchgesat.

De Match gëtt live op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu iwwerdroen, kommentéiert vum Jeff Kettenmeyer a Roby Langers.

De Radio ass och live mat dobäi mam Serge Olmo a Gilles Tricca.

Den F91 Diddeleng ass prett fir de Match géint Cluj

F91 Diddeleng prett fir de Match géint Cluj
An der Europa-League-Qualifikatioun ass Diddeleng en Donneschdeg an de Playoffs gefuerdert.

Sollt den Diddelenger den Iwwerraschungscoup geléngen, d'Gruppephas vun der Europa League ze erreechen, wier dat net nëmmen aus sportlecher Siicht een Erfolleg.

D'Areeche vun der Gruppephas wier enger sportlecher Sensatioun gläichzesetzen, mä och aus finanzieller Siicht géing den F91 enorm vum sportlechen Erfolleg profitéieren. Bis ewell, hunn déi Diddelenger duerch d'Areeche vun den Playoffs ronn 1 Millioun Euro verdéngt, wat 1/3 vum Veräinsbudget bedeit. Sollt d'Ekipp Gruppephas net areechen, gi si mat weideren 300.000 € aus der Competitioun eraus.

Sollten déi Diddelenger um Enn awer d'Iwwerraschung geléngen a si géifen d'Rumänen vu Cluj am Aller- a Retourmatch eliminéieren, wäerten si mat weideren 2,9 Millioune Präisgeld belount ginn. Insgesamt bezilt d'UEFA an der Gruppephase 560 Milliounen € un d'Veräiner. Den Dino Topmöller, Trainer vum F91, interesséiert de finanzielle Succès momentan awer éischter wéineg. Hie wëll sech voll a ganz op den Allersmatch konzentréieren, wou ee sportlech nees ee gutt Bild vu sech wëll ofginn.

Den Diddelenger Trainer weess, datt een de rumänesche Veräin net ënnerschätzen dierf an esou huet ee sech dann och ganz intensiv mat de Rumänen auserneegesat a se am Detail analyséiert. Den F91 erwaart eng staark an erfueren Ekipp, déi kompakt steet, 2-3 Systemer ka spillen a staark Spiller vir am Spill huet, sou den Dino Topmöller. D'Preparatioun vun den Diddeleng war op alle Fall gutt an d'Dagesform wäert den Owend wuel decidéieren, wéi de Match ausgeet, sou nach den Trainer.

De Match F91 Diddeleng géint den CFR Cluj gëtt en Donneschdeg den Owend um 20 Auer am Stade Josy Barthel ugepaff. Dir kennt de Match awer och an der RTL App, um Livestream op rtl.lu a bei eise Kollege vun der Tele mat Live Commentaire suivéieren.