E Samschdeg war de Sören Nissen bei enger Mountainbike-Course an Norwegen um Depart. Hei huet de Lëtzebuerger op en Neits gewonnen.

No 2 Stonnen 10 Minutten an 42 Sekonnen ass de Sören Nissen e Samschdeg bei der Skaidi Xtreme Course an Norwegen als Éischten iwwert d'Arrivée gefuer. De Lëtzebuerger Champion am Cyclocross hat e Virsprong vun 53 Sekonnen op de Vidar Mehl aus Norwegen. Um Podium stoung nach de Ben Thomas aus England. Hien hat e Réckstand vun 2 Minutten a 35 Sekonnen.