Den F91-Spiller Danel Sinani an de Real-Madrid-Profi Marco Asensio hunn den Ament eng Gemeinsamkeet. Si sinn Topscorer an der Nations League.

Den Danel Sinani hat de leschte Samschdeg bei der 4:0-Victoire géint Moldawien zwee Goler preparéiert an ee geschoss. Beim 3:0 géint San Marino en Dënschdeg den Owend hat den 21 Joer ale Spiller vum F91 Diddeleng ee Gol bäigesteiert. De Lëtzebuerger kënnt domadder op 4 Scorerpunkten genausou wéi de Marco Asensio. De Spuenier hat wärend den zwou leschte Partien 1 Gol markéiert an der 3 preparéiert.