Mat 3:1 ka sech de BVB géint d'Eintracht duerchsetzen a katapultéiert sech op déi 1. Plaz vun der Tabell, op d'mannst emol fir een Dag.

Fir Dortmund hunn den Abdou Diallo (36.), de fréiere Frankfurter Marius Wolf (72.) an deen neie Mëttelstiermer Paco Alcacer (88.) a sengem éischten offizielle Match getraff.

De Sebastien Haller hat an der 68. fir den 1:1 gesuergt, dee war awer just vu kuerzer Dauer.

Domat huet d'Ekipp vum Lucien Favre elo 7 Punkten aus den 3 éischte Matcher, zu Hannover war et jo just en 0:0 ginn.

An der franséischer Ligue 1 war et schonn dee 5. Spilldag, an hei huet de PSG och ouni Neymar an Mbappé Saint-Etienne 4:0 iwwerrannt.

Goler: Julian Draxler (22.), Edinson Cavani op Eelefmeter (51.), Angel Di Maria (76.) a Moussa Diaby (84.).

Nice huet sech 2:1 géint Rennes duerchgesat.