An der WM am Paratriathlon zu Gold Coast an Australien konnt de Joe Kurt no enger exzeptioneller Leeschtung d'Bronzemedaile gewannen.

A senger Kategorie kënnt de Lëtzebuerger an enger Zäit vun 1 Stonn 5 Sekonnen an 42 Honnertstel a mat engem Réckstand vun 4 Minutten an 42 Sekonnen op déi drëtt Plaz hannert dem Gewënner Alexis Hanquinquant aus Frankräich. Zweeten gouf den Alexis Sanchez Palomero aus Spuenien.