E Sonndeg huet hien 2 Stonnen, 1 Minutt an 39 Sekonne fir déi 42,195 Kilometer gebraucht.

De viregte Weltrekord op der Marathondistanz louch bei 2 Stonnen, 2 Minutten a 57 Sekonnen a war 2014 och zu Berlin an och vun engem Kenianer gelaf ginn, dem Dennis Kimetto.

Mat senger neier Beschtzäit bleift den 33 Joer ale Kipchoge also direkt 1 Minutt an 18 Sekonnen ënner deem ale Rekord.

Den Olympiagewënner Kipchoge ass domat och deen 1. Leefer an der Geschicht, deen déi klassesch 42,195 Kilometer ënner 2 Stonnen 02 gelaf ass.

Kenianer Eliud Kipchoge pulveriséiert Marathon-Weltrekord
E Sonndeg huet hien 2 Stonnen, 1 Minutt an 39 Sekonne fir déi 42,195 Kilometer gebraucht.

Fir säi Succès gëtt den Kipchoge och finanziell belount mat am Ganzen 120.000 Euro: 50.000 fir de Weltrekord, 40.000 fir d'Victoire an 30.000 zousätzlech als Zäitbonus.

E Sonndeg gouf ewell déi 45. Oplo vum Berlin Marathon gelaf. 44.000 Leefer waren um Depart, d'Streck gëllt als séier.