Um 4. Spilldag verhëlleft de Cristiano Ronaldo mat sengen zwee Goler Juventus zu enger 2:1 Victoire iwwer Sassuolo.

Bundesliga

Um Sonndeg stoungen an der Bundesliga zwee Matcher um Programm. Bremen an Nürnberg hu sech mat engem 1:1 d'Punkte gedeelt. Den Eggestein huet d'Haushären an der 26. Minutt a Féierung bruecht a sou ass et och zimmlech laang bei dësem Spillstand bliwwen. An der 59. Minutt ass de Visiteuren e Gol mam Videobeweis zréckgeholl ginn, dat nodeems den Ishak am Abseits stoung. An der 92.Minutt sollten d'Gäscht aus Nürnberg awer nach belount ginn. De Gol vum Misidjan bréngt Nürnberg den zweete Punkt vun der Saison an.

Iwwerdeems hunn um Sonndegowend Freiburg a Stuttgart 3:3 gläich gespillt. An engem opreegende Match gëtt et no 90 Minutte kee Gewënner, ma Freiburg kann den éischte Punkt an der neier Saison zielen.

Premier League

Wolverhampton ka sech mat 1:0 géint Burnley duerchsetzen an Everton muss sech doheem mat 1:3 géint West Ham geschloe ginn.

Primera Division

An der Primera Division hat Villareal géint den Opsteiger Leganes mat enger knapper 1:0 Victoire d'Iwwerhand.

Serie A

No 4 Matcher ouni Gol ass et dem Ronaldo gelongen, den éischte Gol fir säin neie Club ze schéissen. Dat dann och direkt zwee mol a sou ka sech Juventus zum Schluss mat 2:1 géint Sassuolo behaapten. Opreeger vum Match war d'Rout Kaart fir den Douglas Costa, deen an der 93. Minutt engem Géigespiller an d'Gesiicht gespaut huet.

Ligue 1

An der franséischer Ligue 1 deelen sech Nantes a Reims mat engem 0:0 d'Punkten.