Den nächste Weekend fänkt am Härebasket déi nei Saison an der Total League un. Nodeems Steesel déi lescht Joren dominéiert huet ass d'Ekipp elo am Ëmbroch.

Dat kéint d'Diere fir déi Aner opstoussen, fir an der néier Campagne kënne ganz wäit vir ze sinn. Jidderee wëll de Champion vun deenen 3 leschte Joer vum Troun stoussen. An dat ass net vu Muttwëll, well de Champion steet virun engem risegen Ëmbroch. De Ken Diederich gënnt sech eng Auszäit, de Billy McDaniel léisst zu Mamer seng Karriär auskléngen an de Samy Picard huet seng Schong un de berühmten Nol gehaangen. Mam Shavon Coleman huet och den zweeten Amerikaner d’Amicale verlooss. Ersat ginn de Coleman an de McDaniel vum Jeff Early an dem Deshawn Painter, deen de Weekend awer schonn heemgeschéckt gouf. Vun Hiefenech kënnt den Alex Pires, dee vun elo un d’Soen op der Bänk huet. Fir de Rescht baut d’Amicale op den Nowuess.

Bei der Etzella muss de Kresimir Basic ouni den Tim Schmit an den Derrick Barden auskommen, déi di Ettelbrécker verlooss hunn. Ersat gëtt de Barden vum Tim Coleman. Fir de Rescht vertraut de Vize-Champion op seng Garde vun der leschter Saison an huet gutt Chancen, dëst Joer erëm en Titel an d’Nordstad ze bréngen.

Uewe mat wëll och de Basket Esch spillen. Zu Lalleng setze se op d’Equipe déi d’lescht Saison eng vun de positiven Iwwerraschunge war. Rugg an Hicks genee wéi de Coach Sylvain Lautié bleiwen. Domadder steet enger weiderer Entwécklung vum Basket Esch näischt méi am Wee an eventuell ass fir Biever, Kovac a Co. dëst Joer jo eng méi dran.

Op der Musel hu se mam Stephan Völkl een neien Headcoach. Quinterian McConico a PJ Davis sinn déi zwee nei Non-JICL Spiller bei de Pikes. Nieft Gulley, Green an dem Frank Baum huet och den Tom Schomer d’Ekipp vu Briedemes verlooss. An och de Christophe Donnersbach huet mam Basket opgehalen.

Beim T71 gouf et och puer Changementer. De Pascal Meurs bleift Coach a mam Laurent Majerus hu sech déi Diddelenger ee grouss gewuesse Spiller fir ënnert dem Kuerf geséchert. De Stephens an den Johnson hunn d’Ekipp verlooss a gi vum Miles Jackson-Wright an Josh Hearlihy ersat. Fir de Christopher Jones ass d'Saison wéinst Blessure gelaf éiert se iwwerhaapt lassgaangen ass an de Claude Bemtgen huet dem Basket Äddi gesot.

D’Sparta huet mam Jason Price en neien Trainer a mam Gray an Hassan 2 nei Non-JICL Spiller fir dës Saison rekrutéiert. Mam Tom Schomer kënnt ee jonkt Talent vun der Musel op Bartreng.

Zu Walfer ginn se d’Saison mam Frank Baum un a mam Luka Jovicic kënnt ee Spiller zeréck deen de Club viru puer Joer Richtung College verlooss huet. Mam Yannick Julien an dem Tom Konen krut d’Residence zwee weider Spiller bäi. Mam Vujakovic, Max Schmit an Vic Heuschling huet Walfer awer puer wichteg Spiller goe gelooss.

De Stater Racing geet mam Anton Mirolybov an hir zweet Saison an der Total League. De Christophe Laures kënnt vum T71 an de Shannon Hale soll de Scott Morton ënnerstëtzen. Mam Max Hilger, deen op der Uni ass, feelt hinnen awer eng wichteg Stäip.

Den Opsteiger vun de Kordallsteelers huet mam Philippe Giberiti een alen Hues op der Bänk an et kann ee gespaant sinn, wéi den neiste Member an der Total League sech aus der Affär zitt.

Bei der Arantia hu se sech nees zu Ettelbréck zerwéiert an de Malik Wilson an de Pit Elcheroth u Land gezunn. Mam Rui Nunes, dee laang blesséiert war, kënne se erëm op e bekannt Gesiicht zeréckgräifen.

Nächste Weekend geet et also endlech erëm lass a jidderee wëll de Successeur vun der Amicale ginn.