RTL-Informatioune no soll sech de Mäzen vum F91 a Virton an den nächste Woche mat de Responsabele vum Veräin aus der drëtter däitscher Bundesliga treffen.

Mat sengem Engagement zu Diddeleng huet hien de Veräin aus der Forge du Sud jo bis an d'Gruppephas vun der Europa League bruecht. Wat Virton ugeet, war de Lëtzebuerger Geschäftsmann de leschte Weekend anscheinend scho guer net frou, wéi säi Club aus der Province de Luxembourg um drëtte Spilldag just 0-0 bei Aalst gläichgespillt hat.