Ausserdeem ka sech och Russland mat 2:0 géint Türkei behapten. Rumänien a Serbien trenne sech mat 0:0.

Um Sonndeg stounge 7 Matcher vun de verschiddenen Divisiounen um Programm.

Divisioun A

Grupp 3:

Polen - Italien 0:1

An der éischter Halschent war Italien déi däitlech besser Ekipp an hat vill Chancen fir e Gol ze schéissen. Mee de Golkipp vun de Polen, Szczesny, konnt direkt e puer gutt Parade weisen an opgrond vun deenen ass et mat engem 0:0 an d'Paus gaangen.
No der Paus ass et vill hin an hier gaangen an et waren d'Italiener déi duerch e Gol vum Biraghi an der 91. Minutt nach mat 1:0 gewanne konnten.

Divisioun B

Grupp 2:

Russland - Türkei 2:0
An der éischter Halschent war et e Match op Aenhéicht a keng Ekipp huet där anerer eppes geschenkt. An der 20. Minutt konnt Russland awer no engem Standard duerch de Neustädter a Féierung goen.
Mat engem Konter konnt den agewiesselten Cheryshev an der 78. Minutt den 2:0 schéissen. Domadder war de Match entscheed.

Divisioun C

Grupp 1:

Israel - Albanien 2:0
Schonn no 8 Minutten konnt Israel den 1:0 a Persoun vum Hemed schéissen. No 83 Minutten konnt d'Heemekipp den 2:0 duerch de Seba schéissen a konnt domadder alles kloer maachen.

Grupp 4:

Rumänien - Serbien 0:0

Tëscht Rumänien a Serbien ass et mat engem onspektakulären 0:0 op en Enn gaangen. Obwuel den Tamas bei de Rumänier an der 44. Minutt déi rout Kaart gesinn huet, huet et Serbien net gepackt géint d'Rumänen ze gewannen.

Litauen - Montenegro 1:4
Geint Montenegro hat Litauen net vill entgéint ze setzen. Schonn no der éischter Halschent louchen se mat 0:3 duerch Goler vum Mugosa (2x) an Kopitovic am Réckstand.
An der zweeter Halschent konnt de Montenegro op 4:0 erhéijen an Litauen konnt just nach en Eieregol schéissen.

Divisioun D

Grupp 3:

Färöer - Kosovo 1:1

No 9 Minutten konnt de Milos Rashica, Spiller vu Werder Bremen, mat engem wonnerschéine Gol den 1:0 fir Kosovo schéissen. Et sollt awer näischt mat der Victoire fir de Kosovo ginn wëll de Joensen konnt an der 50. Minutt den Ausgläich schéissen.

Aserbaidschan - Malta 1:1
An der 37. Minutt ass Malta duerch e Gol vum Muscat a Féierung gaangen. Mee an der 53. Minutt ass dem Abdullayev den Ausgläich gelongen.