E Freideg huet Trek-Segafredo d'Trikote fir déi nei Saison presentéiert. Den Alex Kirsch weess also elo och a wéi engem Dress hien an Zukunft ënnerwee ass

Wéi schonn 2018 stinn och déi nächst Saison d'Faarwe Rout, Schwaarz a Wäiss am Virdergrond beim Trikot vun Trek-Segafredo.

E Freideg hat d'Ekipp déi nei Trikoten zu London presentéiert. 2019 fiert jo och nees ee Lëtzebuerger fir déi amerikanesch Ekipp. Den Alex Kirsch dréckt fir d'World-Tour-Ekipp an d'Pedallen. Dem Laurent Didier säi Kontrakt war jo net méi verlängert ginn. Hien huet mëttlerweil dann och e Schlussstréch ënnert seng Karriär gezunn.

Den Trikot vun der neier Dammen-Ekipp vun Trek-Segafredo gouf och e Freideg presentéiert.