Weider gouf et Victoirë vum Nathalie Lamborelle, dem Théo Jung, dem Nelson Luis an dem Matthieu Kockelmann.

Nieft den Europameeschterschaften am Cyclocross zu s'Hertogenbosch an Holland war e Sonndeg zu Téiteng och nach ee regionale Cyclocross.

Bei der Elite konnt sech de Loic Hennaux aus der Belsch duerchsetzen. De Belsch wënnt virum éischte Lëtzebuerger, dem Vincent Dias dos Santos. Déi drëtte Plaz ass fir de Scott Thiltges.

D'Nathalie Lamborelle konnt sech e Sonndeg ganz souverän d'Victoire bei den Damme sécheren. Déi zweete Plaz war fir d'Rosine Jung, dat virum Laetitia Maus.

Bei de Juniore gouf et eng Victoire vum Théo Jung virum Tim-Olivier Kolschefsky an dem Tom Paquet. Beschte Lëtzebuerger gëtt de Jacques Gloesener op der 4. Plaz.

Bei de Masters konnt sech den Nelson Luis déi éischte Plaz sécheren. Hie konnt sech virum Laurent Dorckel an dem Pierre Tanson duerchsetzen.

De Matthieu Kockelmann konnt d'Course bei den Debutante gewannen, dat virum Alexandre Kess an dem Arno Wallenborn.

© Jacques Joseph