Mat enger Victoire a Wäissrussland kéint Lëtzebuerg sech den Ticket fir d'Halleffinalle vun de Playoffs sécheren.

Op enger Pressekonferenz um Mëttwoch de Moien, huet den Nationaltrainer Luc Holtz seng Ekipp fir de Match géint Wäissrussland presentéiert.

Hei fält op, datt de Bensi vun der Fola nees mat am Kader ass. Net dobäi dogéint sinn de Gerson Rodrigues vu Sheriff Tiraspol, dat well de Luc Holtz net mat senge Prestatioune zefridde war an den Toni Luisi vun der Escher Jeunesse, dee fir den Nationaltrainer eng Optioun fir d'Zukunft wier.

Och den Tim Hall an den Aldin Skenderovic sinn nees nei am Kader mat dobäi.

De Luc Holtz iwwert de Match géint Wäissrussland
Mat enger Victoire a Wäissrussland kéint Lëtzebuerg sech den Ticket fir d'Halleffinalle vun de Playoffs sécheren.

De Kader am Iwwerbléck:

Gol:

Moris (Excelsior Virton), Schon (UNA Stroossen), Kips (Magdeburg)

Defense:

Jans (FC Metz), Jänisch (FC Déifferdeng 03), Mahmutovic (Yeovil Town), Carlson (Grasshopper Zürich), Philipps (Legia Warschau), Chanot (New York City), Martins Perreira (ESTAC), Hall (Progrès Nidderkuer)

Mëttelfeld:

Till V. (FC Pau), Barreiro (FSV Mainz 05), Sinani (F91 Diddeleng), Gerson (IFK Norrköping), Mutsch (Progrès Nidderkuer), Thill O. (FC Ufa), Bohnert (Pirmasens)

Ugrëff:

Turpel (F91 Diddeleng), Bensi (Fola Esch), Da Mota (RFCUL), Joachim (Excelsior Virton), Deville (Waldhof Mannheim)