D´Lëtzebuergerin huet beim WTA-Tennis-Tournoi zu Limoges d'Mihaela Buzarnescu am éischten Tour mat 6:4, 5:7 a 6:4 eliminéiert.

D'Rumänin war bei dësem Tournoi op 1 gesat an ass an der Weltranglëscht d'Nummer 24. D'Mandy Minella steet op der Plaz 111. Den éischte Saz konnt d'Lëtzebuerger Nummer 1 mat 6:4 gewannen. Am zweete Saz konnt d'Rumänin dunn awer zeréckschloen an dëse mat 7:5 fir sech entscheeden an huet domat een decisiven 3. Saz erzwongen. Hei ass d'Spillerin vun der Spora ganz konzentréiert opgetrueden a konnt esou och dëse Saz mat 6:4 gewannen.

Am 2. Tour spillt d'Minella elo géint d'Anna Blinkova. D’Russin ass aktuell d’Nummer 98 op der Welt.