D’Mandy Minella huet haut an der Aachtelsfinall vum WTA-Tennis-Tournoi zu Limoges a Frankräich mat zweemol 1:6 géint d’Anna Blinkova aus Russland verluer.

Déi 20 Joer al Russin steet an der Weltranglëscht op der 98. Plaz an ass domat 13 Plaze besser klasséiert, ewé d’Lëtzebuergerin.

E Mëttwoch hat d'Spillerin vun der Spora nach iwwerraschend géint d'Mihaela Buzarnescu aus Rumänien gewonnen, déi op Plaz 24 an der Weltranglëscht steet.

En Donneschdeg hat d'Minella awer iwwer déi zwee Sätz keng Chance an ass domat eraus aus dem Tournoi.