Zanter 2013 ass de Ralf Heiler Judo-Nationaltrainer. Dee Poste gëtt hien elo op, fir vum 1. Januar un techneschen Direkter ze ginn.

Seng Successioun als Nationaltrainer iwwerhëlt de 34 Joer alen Däitschen Alexander Lüdeke. Fir de Ralf Heiler ass dat de richtege an och eenzeg logesche Choix.

AUDIO: Extrait Ralf Heiler

Vum 1. Januar un ass de Ralf Heiler techneschen Direkter. Deen Ament gëtt den Alexander Lüdeke Judo-Nationaltrainer.

Hir Kontrakter ginn an enger éischter Phas bis Enn 2020. D'Zil ass et awer, fir bis d'Olympesch Spiller 2024 zu Paräis zesummen ze schafen an do mat op d'mannst engem oder enger Judoka vertrueden ze sinn.