Ganzer 8 Dammen-Tennis-Nationalekippe wäerten am Februar 2019 hei zu Lëtzebuerg untrieden an an der Europa/Afrika Grupp II ëm den Opstig spillen.

Fir déi éischte Kéier iwwerhaapt an der Geschicht vum Lëtzebuerger Tennis gëtt de Fed-Cup bei eis am Land gespillt. Déi Lëtzebuerger Damme spillen an der Europa/Afrika Grupp II, wou se dëst Joer den Opstig knapp verpasst hunn.

AUDIO: FED-Cup / Marco Bermes
VIDEO: Fed-Cup gëtt 2019 zu Esch gespillt
Ganzer 8 Dammen-Tennis-Nationalekippe wäerten am Februar 2019 hei zu Lëtzebuerg untrieden an an der Europa/Afrika Grupp II ëm den Opstig spillen.

Anescht ewéi beim Davis Cup bei den Häre gëtt de FED Cup bei den Dammen a Form vun engem Tournoi organiséiert. De President vun der Federatioun Claude Lamberty seet, datt 7 Natiounen, nieft Lëtzebuerg, heihinner kommen. Dat gouf et esou nach ni. Et hat ee Chance, datt ee vun der internationaler Tennisfederatioun den Zouschlag fir den Tournoi mat 8 Nationalekippe krut.
 
D'Matcher ginn all am Nationalen Tennis Center zu Esch gespillt, dat innerhalb vu 4 Deeg. Et huet ee vu Mëttwoch bis Freides Moies a Mëttes eng Renconter. Samschdes da sinn d'Play-Offen an d'Play-Downen, wat jo d'Haaptevent ass, wou Lëtzebuerg hoffentlech ëm den Opstig ka spillen, seet de President vun der Tennisfederatioun.
 
Beim Spillmodus ass fir Spannung gesuergt, well all Renconter aus 2 Simplen an engem Doubel besteet a soubal eng Ekipp 2 Punkten huet, ass d'Renconter gewonnen.
 
De Sportminister Romain Schneider freet sech drop, dass de FED-Cup fir déi éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Et ass flott fir den Tennis ma och fir den Dammesport, well dermadder endlech e flott Event op Lëtzebuerg kënnt. Do ka Lëtzebuerg sech weisen an och beweisen, datt ee prett ass, fir esou grouss Eventer z'organiséieren.

Vum 6. bis den 9. Februar 2019 gëtt um CNT zu Esch gespillt.