D'Lëtzebuerger Nationalekipp huet gekämpft, ma um Enn hunn dem Dragun seng zwee Goler den Ënnerscheet gemaach.

An der Nations League stoung um Donneschdeg de 5. Spilldag, an domadder verbonnen ee vun de wichtegste Spilldeeg an der Geschicht vun der FLF-Formatioun, um Programm. Am Stade Josy Barthel hat d'Ekipp vum Trainer Luc Holtz Wäissrussland op Besuch. Mat enger Victoire kéinten d'Rout Léiwen d'Victoire vun hirem Grupp 2 sécheren, ma mat Wäissrussland, déi bis den Donneschdeg nach ouni Géigegol an der Kompetitioun waren, stoung dee wuel schwéierste Géigner aus dësem Grupp virun der Dier. An dass et och fir d'Gäscht ee ganz wichtege Match war weist de Bléck op de Spillerbou. Mam 37 Joer alen Alexander Hleb hu si nämlech ee Spiller erëm an d'Nationalekipp beruff, dee ville Futtballfans nach aus senger Zäit bei Barcelona, Arsenal oder Stuttgart dierft an Erënnerung bliwwe sinn. Op Lëtzebuerger Säit huet de Luc Holtz awer missen op de Vincent Thill an de Mario Mutsch verzichten, déi wéinst enger Blessur ausgefall waren.

Um Enn konnten d'Rout Léiwen den héijen Erwaardungen awer net gerecht ginn. D'Gäscht aus Wäissrussland ware besser an de Match komm an hunn d'FLF-Formatioun fréi ënner Drock gesat. Den 1:0 duerch den Dragun war soumat no 37 Minutte keng Iwwerraschung méi. Bis zur Paus sinn d'Lëtzebuerger net richteg an de Match komm a waren just duerch Distanzschëss an d'Géigend vum wäissrussesche Gol komm. Nom Säitewiessel  hunn d'Rout Léiwe sech däitlech verbessert gewisen, ma an der 54. Minutt war et erëm den Dragun, deen dem Moris keng Chance gelooss hat. D'Lëtzebuerger Nationalekipp huet et duerno ëmmer weider probéiert, ma dëst awer ouni Succès. Déi beschte Chance fir d'Haushären am Josy Barthel hat de Joachim an der 69. Minutt, ma säi Schoss war awer just op d'Lat gaangen.

De Luc Holtz nom Match am RTL-Interview
De Lëtzebuerger Nationaltrainer ass zefridde mat der Leeschtung vu senge Spiller an der 2. Hallschent.
De Stefano Bensi nom Match am RTL-Interview
De Fola-Spiller bléckt op eng gutt Campagne zeréck, ass awer traureg iwwer d'Resultat vun en Donneschdeg.

Resumé vum Match:

AUDIO: Lëtzebuerg-Wäissrussland: Resumé vum Serge Olmo

D'Gäscht aus Wäissrussland waren direkt hell waakreg an et huet nëmme ronn 10 Sekonne gedauert, éiert si de Wee bei de Gol vum Moris gesicht hunn. No engem laange Ball an d'Spëtzt war et de Savitski, deen de Ball awer net kadréiert genuch op de Gol krut.

Déi éischt 10 Minutte ware soumat och fir de Compte vun de Wäissrussen. D'Lëtzebuerger hate Problemer am Opbauspill, dëst virun allem mat onnéidege Feelpassen. D'Ekipp vum Trainer Igor Kriushenko huet d'FLF-Formatioun fréi ënner Drock gesat a si soumat zu Feeler gezwongen.

An der 12. Spillminutt haten d'Lëtzebuerger dann hir éischte Chance. No engem Fräistouss vum Olivier Thill konnt de Gerson de Ball mam Kapp ofleeën a sou koum de Sinani zum Ofschloss. Dësen konnt allerdéngs vun der Defense vu Wäissrussland ofgelenkt ginn.

Duerno waren et awer erëm d'Gäscht, déi de Match dominéiert haten. De Saroka war no enger flaacher Pass an de Strofraum un de Ball komm, ma am leschte Moment konnt säi Schoss awer nach vum Chanot geblockt ginn. D'Rout Léiwen haten de Wäissrussen ze vill Plaz gelooss, an ganz am Géigendeel zu de Gäscht krute si keen Drock op de Géigner opgebaut.

D'Wäissrussen haten och weiderhin déi besser Chancen. Den Alexander Hleb stoung no enger Une-deux virum Moris am Strofraum. Hie konnt de Ball och laanscht de Lëtzebuerger Golkipp leeën, ma um Enn wollt hien de Ball awer nach an d'Mëtt spillen a soumat konnt d'Lëtzebuerger Defense de Ball klären.

No ronn 24. Minutten huet den Turpel et aus grousser Distanz probéiert, ma dem Diddelenger säi Schoss war awer däitlech iwwert de Gol gaangen.

D'Haushären aus dem Grand-Dusché konnte sech net duerch d'Defense vun de Wäissrusse kombinéieren an hunn et haaptsächlech mat Schëss aus der Distanz probéiert, sou wéi de Martins an der 26. Minutt. De Gorbunov am Gol vu Wäissrussland hat awer kee Problem mat dëse Schëss.

No engem Ballverloscht am Mëttelfeld vun de Roude Léiwen hat den Dragun et aus der Distanz probéiert, ma de Moris huet net missen agräifen an de Ball goung knapp laanscht de Potto.

D'Wäissrussen hunn d'Lëtzebuerger weider ënner Drock gesat. No enger Pass vum Savitski hat de Stasevich et aus spatzem Wénkel probéiert, mee de Moris hat säi spatzen Eck gutt zougemaach a konnt zum Corner ofwieren.  Dëse konnt den Dragun mam Kapp op de Gol bréngen, mee och hei war de Moris do.

An der 37. Minutt war et du geschitt. D'Wäissrusse konnten an de Strofraum vun de Lëtzebuerger andréngen, an no enger Pass vum Saroka stoung den Dragun ze fräi. Bei sengem Schoss aus kuerzer Distanz hat de Moris keng Chance un de Ball ze kommen a soumat waren d'Gäscht verdéngt mat 1:0 a Féierung gaangen.

An dëse Gol schéngt si nach méi gestäerkt ze hunn. Nëmmen eng Minutt drop huet de Moris erëm missen agräifen, dëst no engem Schoss vum Savitski.

D'Lëtzebuerger hate kee Mëttel géint déi staark Defense vu Wäissrussland. De Gerson hat et an der 43. Minutt nach eemol aus der Distanz probéiert, ma säi Schoss war awer ënnert dem Stréch net prezis genuch.

Zur Halbzeit louchen d'Wäissrusse verdéngt a Féierung a konnten d'Feeler vun de Roude Léiwe gutt notzen. Bei der FLF- Formatioun war an den éischte 45 Minutte net vill zesumme gelaf, dëst souwuel an der wackeleger Defense wéi och am Ugrëff.

VIDEO: Déi bescht Aktiounen aus der 1. Hallschent
Wäissrussland huet déi éischt Hallschent iwwer wäit Strecken dominéiert.

An der Paus huet de Luc Holtz op déi schlecht éischt Halschent reagéiert. De Lars Gerson huet misse vum Terrain goen an den Trainer vun de Roude Léiwen huet sech mam Stefano Bensi fir eng méi offensiv Variant entscheet.

A genau dëse Bensi hat déi éischt gutt Chance an der 2. Halschent. No enger super Pass vum Olivier Thill war de Bensi eleng op de Gol vu Wäissrussland gelaf a konnt laanscht de Golkipp dribbelen. Um Enn war de Wénkel fir de Spiller vun der Fola awer ze spatz ginn, sou dass hien just d'Baussennetz getraff hat.

Nodeems d'Lëtzebuerger verbessert aus der Kabinn komm waren, hunn d'Wäissrusse sech an der 54. Spillminutt ganz kal  gewisen. No engem Fräistouss konnten d'Lëtzebuerger de Ball net aus dem Strofraum klären an haten bëssen d'Orientéierung verluer. Aus dem Gewulls eraus war et erëm den Dragun, deen zum Schoss komm war an op 2:0 erhéije konnt.

D'Roud Léiwen hu probéiert, sech vun dem Schock ze erhuelen, ma dem Jans säi flaache Ball an de 16-Meter Raum konnt de Gorbunov awer festhalen.

Déi eenzeg offensiv Gefor, déi vun de Lëtzebuerger ausgaange war, ware Schëss aus der Distanz oder Fräistéiss vum Olivier Thill. Sou och an der 62. Spillminutt, wou den Thill ee Fräistouss an de Strofraum bruecht hat, ma de Ball konnt awer vu kengem roude Léiw kontrolléiert ginn.

D'Defense vu Lëtzebuerg war awer weiderhin ufälleg. An der 67. Minutt hat de Savitski et aus ronn 20 Meter probéiert, mee de Moris war am lénksen Eck an konnt de Schoss paréieren.

Praktesch am Géigenzuch war et dann déi bis dato beschte Chance fir d'FLF-Formatioun. Den agewiesselten Da Mota konnt sech iwwer déi lénks Säit duerchsetzen. Seng Flank konnt zwar nach ofgewiert ginn, ma de Joachim war duerno un de Ball komm. Hien konnt säi Kierper gutt asetzen a sech géint d'Defenseure vu Wäissrussland behaapten. Säi stramme Schoss aus der Dréiung konnt de Gorbunov awer nach un d'Lat drécken.

D'Lëtzebuerger waren an der zweeter Halschent am Verglach zu den éischte 45 Minutten däitlech verbessert, ma virun allem bei der leschter Pass huet et oft un der néideger Reussite gefeelt.

Ee gutt Beispill heifir war an der 78.Spillminutt. No enger Pass vum Thill war de Bensi un de Ball komm, dësen hat op den Da Mota weidergeleet, ma bei senger Pass an d'Mëtt stoung kee Roude Léiw am Zentrum fir de Ball iwwert d'Linn ze drécken.

An der 87. Minutt hat de Bensi nach eng Chance um Fouss, dëst nodeems de wäissrussesche Golkipp aus sengem Gol eraus komm war, ma um Enn sollt et de Lëtzebuerger awer net méi geléngen, ee Gol ze schéissen.

VIDEO: Déi bescht Aktiounen aus der 2. Hallschent
D'Rout Léiwen hunn an der 2. Hallschent gekämpft an hate gutt Chancen, ma den Dragun huet de Lëtzebuerger Dreem een Enn gesat.

Ënnert dem Stréch verléiert d'Lëtzebuerger Nationalekipp no enger kämpferescher zweeter Halschent bëssen onglécklech mat 0:2 géint Wäissrussland.

Divisioun A:

Grupp 2:

Belsch - Island 2:0

VIDEO: Belsch - Island 2:0
Am Grupp 2 vun der Liga A konnt d'Belsch sech souverän mat 2:0 géint Island duerchsetzen.

Grupp 4:

Kroatien - Spuenien 3:2

VIDEO: Kroatien - Spuenien 3:2
Kroatien konnt sech am Grupp 4 vun der Liga A an engem spannende Match mat 3:2 géint Spuenien duerchsetzen.

Divisioun B:

Grupp 3:

Éisträich - Bosnien 0:0

VIDEO: Éisträich - Bosnien-Herzegowina 0:0
Am Match tëscht Éisträich a Bosnien-Herzegowina si keng Goler gefall.

Divisioun C:

Grupp 2:

Ungarn - Estland 2:0

Griicheland - Finnland 1:0

VIDEO: Ungarn - Estland 2:0 a Griicheland - Finnland 1:0
Déi bescht Aktiounen aus dem Grupp 2 vun der Liga C.

Divisioun D:

Grupp 1:

Andorra - Georgien 1:1

Kasachstan - Lettland 1:1

VIDEO: Kasachstan - Lettland 1:1 an Andorra - Georgien 1:1
Déi bescht Aktiounen aus dem Grupp 1 vun der Liga D.

Grupp 2:

San Marino - Moldawien 0:1

VIDEO: San Marino - Moldawien 0:1
An der Grupp vun de Lëtzebuerger huet Moldawien knapps mat 1:0 géint de San Marino gewonnen.