Een 1:1-Remis gouf et am leschte Gruppematch vun der Nations League an domat konnten d'Rout Léiwen hir 2. Plaz an der Grupp sécheren.

No der grousser Enttäuschung en Donneschdeg den Owend géint Wäissrussland hunn d'Rout Léiwen e Sonndeg den Owend op ee gelongenen Ofschloss vun der Nations League gehofft. Den Nationaltrainer Luc Holtz huet dann e Sonndeg awer eng nawell staark verännert Formatioun op den Terrain geschéckt. Ganzer 6 Changementer gouf et par Rapport zu der Startformatioun vum Wäissrussland-Match. Nei an der Starteelef waren e Sonndeg den Enes Mahmutovic, de Florian Bohnert, den Daniel da Mota, de Stefano Bensi, den Dirk Carlson an de Leandro Barreiro. Deemno net opgestallt, goufen de Lars Gerson, den Danel Sinani, den Olivier Thill de Mathias Jänisch, den Dave Turpel an de Christopher Martins, deen och schonns guer net méi am Kader ass.

D'Lëtzebuerger sinn alles aneschters ewéi gutt an dës Partie gestart a si konnte frou sinn, dass si an der Paus net hanne waren an dass et nach 0:0 stoung. D'Moldawier waren nämlech kloer déi besser Ekipp an haten och ganz gutt Chance, dës konnte si allerdéngs net notzen. Aus Lëtzebuerger Siicht gouf et net vill Geféierleches, wann et geféierlech gouf, da wann de Stefano Bensi um Ball war.

An der zweeter Hallschent ass et net vill besser gaanger bei de Roude Léiwen an no 58 Minutte ware si dunn och a Réckstand geroden. De Radu Ginsari hat Moldawien vum Eelefmeterpunkt aus a Féierung bruecht. Dono sinn d'Lëtzebuerger awer besser ginn a si konnten an der 70. Minutt och ausgläichen, dat duerch ee flotte Gol vum Stefano Bensi. Um Enn ass et dunn och beim 1:1 bliwwen, esou dass d'Rout Léiwen an hirer Grupp um Enn op déi 2. Plaz kommen, dat hannert de Wäissrussen. Déi drëtt Plaz ass fir Moldawien an déi lescht Plaz ass fir San Marino.

De Luc Holtz iwwert de Match
De Lëtzebuerger Nationaltrainer war net zefridde mat der Leeschtung vum Arbitter.
De Stefano Bensi iwwert de Match
De Spiller vun der Fola huet an der 70. Minutt fir den 1:1 gesuergt.
De Laurent Jans am Interview
De Spiller vu Metz huet nom Match Ried an Äntwert gestanen.

Resumé vum Match

AUDIO: Lëtzebuerg - Moldawien: De Reportage vum Franky Hippert

D'Lëtzebuerger si ganz nervös an d'Partie gestart an hu keng richteg Linn fonnt an hirem Spill. Deemno war et wéineg verwonnerlech, dass d'Moldawier an der Ufanksphas de Kommando iwwerholl hunn an den Tempo dirigéiert hunn. An der 6. Minutt ass et dunn och eng éischte Kéier geféierlech gi virum Lëtzebuerger Gol. No engem Corner vum Antoniuc ass dëse verlängert ginn an do konnt de Chris Philipps de Ball esou just virum Ionita degagéieren. Ee ganz gudde Reflex vum Spiller vu Warschau, dee mat där Aktioun wuel de sécheren 1:0 fir d'Lokalekipp verhënnere konnt.

An der 15. Minutt gouf et dunn och den éischte Schoss vun de Moldawier. De Carp hat et aus der Distanz probéiert, bei sengem Schoss huet awer déi néideg Präzisioun gefeelt.

Dono sinn d'Lëtzebuerger dunn awer lues a lues erwächt. An der 20 Minutt war et no engem Corner vum Stefano Bensi geféierlech ginn, dono koum de Maxime Chanot un de Ball an deen ass am géigneresche Strofraum gefall, ma den Arbitter, den Adrien Jaccottet aus der Schwäiz, huet net gepaff.

Et war awer séier eriwwer mat der Lëtzebuerger Offensiv, well d'Moldawier sinn elo nees komm. An der 24. Minutt war de Ball dunn am Gol vum Anthony Moris gelant. Den Alexandru Antoniuc huet ee Fräistouss an de Strofraum bruecht an do war et de Posmac, deen de Ball an de Gol schéisse konnt, ma de Moldawier stoung am Abseits.

D'Rout Léiwen hunn an der Defense elo richteg gewackelt an an der 26. Minutt huet den Damascan esou just laanscht de rietse Potto geschoss. Moldawien wollt elo onbedéngt a Féierung goen. No engem onnéidege Ballverloscht vum Bensi koum de Ball bei den Ionita, deen op de Gol gelaf ass, ma hei konnt de Maxime Chanot de Moldawier nach entscheedend stéieren, esou dass de Moris säi Schoss paréiere konnt.

Nëmmen 1 Minutt méi spéit, an der 30. Minutt, huet den Anthony Moris de Ball no engem Corner onglécklech ewechgefauscht, esou dass de Ball beim Gatcan gelant ass, deen den eidele Gol awer net getraff huet.

An der 31. Minutt huet de Luc Holtz du reagéiert, den Nationaltrainer huet de Chris Philipps vum Terrain geholl an huet mam Olivier Thill ee méi offensive Spiller opgestallt.

Dunn an der 34. Minutt awer eemol e bëssen Entlaaschtung fir d'Lëtzebuerger Defense. Den Dan da Mota huet de Stefano Bensi op d'Rees geschéckt an deen huet am 1 géint 1 de Posmac stoegelooss an huet eng flott Flank an d'Mëtt bruecht, wou de Leandro Barreiro dem Ball awer net déi richteg Richtung konnt ginn.

Dono hu béid Ekippen dunn e bëssen Tempo aus dem spill geholl. D'Lëtzebuerger hate kuerz virun der Paus dunn awer nach eng gutt Chance. Den Dan da Mota huet eng ganz flott Flank op de Stefano Bensi geschloen, de Spiller vun der Fola konnt de Kappball awer net op de Gol bréngen. An der Paus stoung et also 0:0, ee bis heihinner glécklechen Tëschestand fir d'FLF-Formatioun.

VIDEO: Déi bescht Aktiounen aus der 1. Hallschent
An der éischter Hallschent huet Moldawien de Match dominéiert, ma Goler sollten nach keng falen.

Zum Ufank vun der zweeter Hallschent war d'Partie e bësse méi equilibréiert, dat awer och, well Moldawien elo net méi grad esou staark war.

An der 57. Minutt dunn awer de Schock fir d'Lëtzebuerger. De Maxime Chanot huet de Carp am Strofraum getraff an den Arbitter aus der Schwäiz huet op Eelefmeter decidéiert. De Radu Ginsari huet sech där Saach ugeholl a konnt de Ball ënne riets an den Eck schécken.

Direkt am Uschloss ass dunn och den Danel Sinani agewiesselt ginn. Lëtzebuerg ass dunn awer lues a lues nees méi staark ginn an an der 66. Minutt war et eng ganz gutt Chance fir Lëtzebuerg. De Laurent Jans huet eng gutt Flank op den zweete Potto bruecht, wou den Aurélien Joachim mam Kapp un de Ball koum, ma de Kappball goung nëmme knapp laanscht de Gol.

An der 70. Minutt war et dunn den Ausgläich fir d'FLF-Formatioun. Den Danel Sinani huet de Ball op de Bensi gespillt, deen de Ball u sech net all ze gutt ugeholl huet, ma de Fola-Spiller koum awer nach zum Schoss an hien huet de Ball aus spatzem Wénkel widder d'Lat an erageschoss.

D'Lëtzebuerger haten elo nees Confiance getankt an an der 76. Minutt hate si eng weider Chance. De Laurent Jans ass gutt iwwer d'Säit gaangen an huet de Ball an d'Mëtt bruecht, déi Kéier ass de Schoss vum Bensi awer iwwert de Gol gaangen.

An der 80. Minutt war et du bal den 2:1 fir d'Jonge vum Luc Holtz. Den Epureanu hat als leschte Mann géint den Bensi de Ball verluer, deen huet de Ball laanscht de Golkipp an d'Mëtt bruecht, wou de Sinani virun engem eidele Gol stoung, ma de Posmac konnt a leschter Sekonn nach an de Schoss rutschen, fir d'Lëtzebuerger Féierung ze verhënneren.

Bis zum Schluss sollt kenger vu béiden Ekippe méi ee Gol geléngen, esou dass et um Enn mat engem 1:1 op Enn geet.

Weider Resultater aus der Nations League

Liga A

Schwäiz - Belsch 5:2

England  - Kroatien 2:1

No enger ëmkämpfter éischter Hallschent, wou d'Spectateuren am Wembley kee Gol gesinn hunn, sinn d'Goler dunn awer an der zweeter Hallschent gefall. An der 57. Minutt konnt Kroatien dunn a Féierung goen. Den Andrej Kramaric huet hei nämlech fir seng Natioun getraff. D'Englänner wollten doheem awer net verléieren an hunn an der Schlussphas nach eemol alles no vir geheit a si goufe belount, well an der 78. Minutt konnt den Jesse Lingard den 1:1 markéieren. 5 Minutte viru Schluss war et dunn den Harry Kane, dee fir d'2:1-Schlussresultat gesuergt.

Liga B

Nordirland - Éisträich 1:2

VIDEO: Nordirland - Éisträich 1:2
Éisträich konnt duerch ee Gol an der allerleschter Minutt eng Victoire feieren.

Liga C

Griicheland - Estland 0:1

Ungarn - Finnland 2:0

Liga D

San Marino - Wäissrussland 0:2

0:1 S. Dragun (9. Minutt), 0:2 A. Saroka (52. Minutt)

VIDEO: San Marino - Wäissrussland 0:2
Wäissrussland séchert sech duerch dës Victoire déi éischte Plaz an der Grupp.