Si stounge mat den Nationalspiller géint Wäissrussland um Terrain. Mir hu si och weider bei deem Match begleet.

De leschten Donneschdeg war de Match Lëtzebuerg géint Wäissrussland am Stade Josy Barthel, wou den Dram vun der Halleffinall an der Nations League fir d'Rout Léiwe leider geplatzt ass. Dofir awer ass den Dram vu ville jonke Futtballfans an Erfëllung gaangen. D'Jongen a Meedercher, déi sech op de RTL-Opruff gemellt haten, kruten nämlech déi eemoleg Geleeënheet, mat hiren Ikonen aus der Lëtzebuerger Nationalekipp op den Terrain ze goen!

E ganz grousse Moment war dat ënnert anerem fir dat jonkt Nowuess-Talent Louis, dee mer dobäi och mat der Kamera begleet hunn.