Am Mamerdall gewënnt de Vincent Dias Dos Santos virum Loic Hennaux a Scott Thiltges. Bei den Dammen konnt sech d'Elise Maes duerchsetzen.

Um Sonndeg gouf déi 7. Course am nationale Cyclocross Championnat gefuer an hei konnt sech bei der Elite de Vincent Dias Dos Santos an enger Zäit vun 52 Minutten an 42 Sekonnen duerchsetzen. Op déi 2. Plaz koum de Loic Hennaux mat engem Retard vun 52 Sekonnen. Hannendrun konnt sech de Scott Thiltges mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 17 Sekonnen klasséieren.

An 53 Minutten an 57 Sekonnen ass bei den Dammen d'Elise Maes als éischt iwwert d'Arrivée gefuer. Zweeten gouf d'Nathalie Lamborelle mat engem Réckstand vun 37 Sekonnen an 3. gouf d'Mara Schwager (+ 1 Ronn).

Bei de Junioren gewënnt den Tom Paquet no 6 Tier an an enger Zäit vun 47 Minutten an 1 Sekonn virum Loïc Bettendorff (+ 44 Sekonnen) an dem Mik Esser (+ 56 Sekonnen).

De Fréderic Liebaut ka bei de Masters an 51 Minutten an 23 Sekonnen virum Serge Bertemes (+ 51 Sekonnen) an dem Jean-Philippe Jamaigne (+ 2:25 Minutten).

Bei den Débutanten konnt de Mathieu Kockelmann mat engem grousse Virsprong vun 59 Sekonnen virum Marie Schreiber an dem Mil Morang (+ 1:06 Minutten).