En Donneschdeg goufen am Härebasket déi 2 lescht Véierelsfinallen an der Coupe gespillt.

Do stounge sech den Telstar Hesper an Hiefenech géintiwwer, grad wéi Zolwer a Steesel.

Basket Zolwer - Amicale Steesel 78:86

Mat 10 Punkten Avance ass de Basket vun Zolwer an de Match gaangen, wou si d'Amicale Steesel doheem empfaangen hunn. Den Titelverdeedeger huet sech beim Veräin aus der Nationale 2 e bësse schwéier gedoen a konnt hei net ganz iwwerzeegen. Zum Schluss sprengt dann eng knapp Victoire vun 8 Punkten eraus, dat mat 78:86.

© Ant Deister

Telstar Hesper - US Hiefenech 74:82

© Maya a Robert Straus

Als leschte Match vun de Véierelsfinalle stounge sech zwou Ekippen aus der Nationale 2 géintiwwer. Hiefenech hat sech fir dës Ronn qualifizéiert, andeem si sech iwwerraschend géint den T71 Diddeleng 103:102 duerchsetze konnten. Ma och am Duell mat enger Ekipp aus der eegener Divisioun haten déi Hiefenecher um Schluss d'Nues vir. Si konnte sech mat 82:74 beim Telstar duerchsetzen.

Schonn um Mëttwoch

Musel Pikes - Sparta Bartreng 62:75

Bei de Musel Pikes war deen neien Amerikaner Wright blesséiert a konnt net spillen. D'Pikes haten deemno just ee Profi géint d'Sparta.

D'Sparta hat dann och dee besseren Depart a konnt deen éischte Véierel kloer mat 23 op 16 fir sech entscheeden. Och an deenen dräi Véierelen duerno hat si ëmmer d'Nues vir, wann och just knapp: 21:18 am zweeten, 17:16 am drëtten a 14:12 am véierten.

Um Enn war et awer eng kloer 75:62-Victoire fir déi Bartrenger, déi domat an der Halleffinall vun der Coupe stinn.

Etzella Ettelbréck - Basket Esch 84:67

D'Etzella géint de Basket Esch / © Robert Straus

3 Deeg, nodeems d'Etzella am Championnat géint de Basket Esch gewonnen hat, wollten d'Gäscht et e Mëttwoch an der Coupe besser maachen. Vun deem Virsaz war am Ufank net vill ze gesinn, well no 5 Minutte war Ettelbréck 13:0 vir. Géint eng aggressiv Defense vum Géigner huet Esch net zu sengem Spill fonnt a louch nom 1. Véierel 8:26 hannen!

Am 2. Véierel hunn dunn den Jordan Hicks an de Clancy Rugg méi Responsabilitéit iwwerholl. Allebéid hu vun der Dräierlinn getraff an esou ass den Ecart op 11 Punkte geschmolt, bei 41-30. Mä Ettelbréck huet reagéiert a bei 49-32 an der Paus war deen ale Virsprong erëm do.

Wéi Esch déi 2. Hallschecht erëm 5. Minutte laang kee Kuerf geschoss huet an Ettelbréck mat engem 11:0 de Score op 58:32 erhéicht huet, huet et scho ferm no Virentscheedung ausgesinn.

Allerdéngs hat den Ettelbrécker Coleman 3 Feeler an huet sech defensiv mussen e bëssen zréckhalen. Dovun huet Esch profitéiert, fir bei 47:62 nach eng Kéier ze hoffen?

D'Etzella huet awer net panikéiert, huet weider hiert Spill opgezunn, fir sech um Schluss däitlech mat 84:67 fir d'Halleffinall vun der Coupe ze qualifizéieren (26:8, 23:24, 13:15 an 22:20).

© Robert Straus

AUDIO: Basket Coupe: De Reportage vum Guy Seyler