An der Premier League war et e Mëttwoch ausserdeem e spannenden 2:2 tëscht Manchester United an Arsenal.

An Europa gouf e Mëttwoch plazeweis Futtball op héchstem Niveau gespillt.

Premier League an England

An England waren nach 6 Matcher vum 15. Spilldag: Manchester United an Arsenal deelen an engem interessante Match 2:2, Liverpool huet 3:1 géint Burnley gewonnen an Tottenham huet mam selwechte Resultat Southampton geklappt. Chelsea war bei de Wolverhampton Wanderer mat 1:2 ënnerleeën.

An der Tabell bleift Manchester City virop, awer just 3 Punkten hannendru ass Liverpool. Mat e bëssen Ecart dann Tottenham, Chelsea an Arsenal.

Ligue 1 a Frankräich

An der Ligue 1 waren e Mëttwoch nach 7 Partië vum 16. Spilldag an do ass Paris Saint-Germain zu Stroossbuerg net iwwer en 1:1 erauskomm. De PSG bleift awer souverän Leader an der Tabell. Dat viru Lille, Montpellier a Lyon.

Lyon huet en Mëttwoch doheem géint Rennes verluer a Lille ass en Dënschdeg 1:0 op Montpellier wanne gaangen.