Esou heescht déi drëtt an nei Kompetitioun vun der UEFA. Aus Lëtzebuerger Sicht ännert sech net all ze vill an awer.

Et riskéiert een, datt sou een Exploit, wéi dëst d'Joer den F91 fäerdeg bruecht huet, nach méi onrealistesch gëtt.

AUDIO: "Europa League 2"/Reportage Jeff Kettenmeyer

Virun allem huet een d'Impressioun, datt déi kleng nach méi vun deene groussen Länner solle getrennt ginn, sou den FLF-President Paul Philipp, dee jo zu Dublin dobäi war, wéi dës nei Kompetitioun virgestallt gouf. Hien ass der Meenung, dass si d'Europa League, déi elo do ass, méi attraktiv wëlle maachen. Aktuell hätt een e grousse Problem an der Europa League mat der Zuel vu Spectateuren an och mat der Seriositéit vun den Ekippen. Dacks géingen déi wierklech grouss Veräiner seele mat hire beschte Spiller untrieden, well se d'Prioritéit op hire Championnat leeën. Fir se méi attraktiv ze maachen, wëll ee probéieren, fir déi méi schwaach Géigner einfach méi erofzedrécken an d'Europa League 2, esou nach den FLF-President.

Et ass och net esou, datt automatesch méi Lëtzebuerger Veräiner d'Méiglechkeet kréien, fir international dobäi ze sinn. Dat géing weider vum Koeffizient vun den Ekippen ofhänken.

De Paul Philipp selwer ass nach net wierklech vun dëser neier Competitioun iwwerzeegt a fäert virun allem, datt d'Unzuel vun de Matcher fir de Spectateur sou lues ze vill gëtt. D'Europa League 2 ass eréischt fir d'Saison 2021/2022 geplangt.