Bei der éischter individueller Course vum Joer konnt sech de Fransous Martin Fourcade zu Pokljuka a Slowenien d'Victoire iwwer d'20 Kilometer sécheren.

De Fransous wënnt um Enn mat nëmme 4,2 Sekonne virum Johannes Kühn. De 7-fache Gesamtweltcup-Gewënner konnt en Donneschdeg schonns seng 71. Victoire am Weltcup feieren. Fir de 27 Joer ale Kühn wier awer méi dra gewiescht, den Däitschen huet nämlech bei enger Chute um Schéissstand wäertvoll Sekonne verluer. Hannert dem Fourcade an dem Kühn kënnt de Simon Eder op déi drëtte Plaz, den Éisträicher hat ee Retard vun 19,7 Sekonnen. Déi dräi Athleten, déi um Podium stoungen, waren alleguerte feelerfräi bliwwen.

Bei den Damme goung et iwwer 15 Kilometer an do gouf et en Donneschdeg een nawell iwwerraschende Podium. D'Victoire goung un d'Ukrainerin Julija Dschyma, déi feelerfräi bliwwen ass. Op déi zweete Plaz koum d'Monika Hojnisz aus Polen, déi eng Strofminutt hat an um Enn nëmme 5,9 Sekonne Retard hat. Déi drëtt Plaz goung un d'Tschechin Marketa Davidova.

Weider am Weltcup geet et mam Sprint vun den Hären e Freideg vu 14.15 Auer un. E Samschdeg ëm déi nämmlecht Auerzäit ass et dann de Sprint vun den Dammen. E Sonndeg geet den Optakt vun der Saison da mat de Poursuite-Courssen op en Enn.

Am Dezember stinn dann nach d'Weltcups zu Hochfilzen an Éisträich, vum 13. Dezember un an zu Mesto an Tschechien, vum 20 Dezember un um Programm.