Steesel wënnt mat 79:76 géint eng staark Residence vu Walfer, um Samschdeg konnt sech d'Etzella zu Diddeleng duerchsetzen.

E Sonndeg war am Häre-Basket an der Total League a bei den Dammen den Ofschloss vum 12. Spilldag am Lëtzebuerger Basket-Championnat.

T71-Etzella / © Jeff Kettenmeyer

Häre-Basket

Basket Esch - Racing 74:70

Nodeems sech an den éischte 5 Minutte keng vun de béiden Ekippen ofsetze konnt, war et duerno de Basket Esch, deen den Tempo ugezunn hat. Nom éischte Véierel stoung et du 27:16 fir d'Haushären, déi sech domat déi éischt kloer Avance am Match séchere konnt.

Am zweete Véierel war de Racing dann awer besser an de Match komm a konnt de Réckstand lues a lues verklengeren, ma bis zur Paus war et hinnen awer net gelongen, déi Escher richteg ënner Drock ze setzen a sou stoung et zur Halbzeit 46:38 fir Esch.

Ugefouert vun den Amerikaner Jordan Hicks a Clancy Rugg, déi alle béid iwwer 20 Punkte markéiere konnten, hat sech de Basket Esch d'Féierung net méi huele gelooss an konnt am drëtte Véierel de Virsprong verwalten.

Am leschte Véierel war et dann awer nach eng Kéier méi spannend ginn, dëst well de Racing sech net opginn hat a nach emol alles probéiert hat, ma um Enn war et fir de Basket Esch just duergaangen, dëst mat 74:70.

Walfer - Steesel 76:79

An engem ausgeglachene Match konnt sech de Favorit vun der Amicale vu Steesel net vu Walfer ofsetzen, a Walfer huet sech gutt presentéiert. Déi zwou Ekippen konnten offensiv iwwerzeegen, a sou stoung et nom éischte Véierel 27:24 fir d'Haushären.

Virun allem den Jordan Price, de Mark Alstrock an de Kevin Moura ware bei Walfer ganz staark, a sou hat et zur Halbzeit no enger Iwwerraschung ausgesinn, dëst well Walfer an der Paus 51:36 a Féierung louch.

Am drëtte Véierel konnt Steesel de Match dann awer erëm komplett dréinen. Walfer konnt dem Tempo net méi nogoen a sou konnt d'Amicale de Réckstand vu 15 Punkten egaliséieren.

Bis zum Enn vun der Partie war et spannend bliwwen ma um Enn konnt sech de Favorit vu Steesel denkbar knapp mat 79:76 duerchsetzen.

T71 Diddeleng – Etzella 77:107

No zwou Heem-Victoirë vun der Etzella, sinn d’Ettelbrécker e Samschdeg fir de Kont vum 12. Spilldag bei den Tabellevéierten op Diddeleng gereest. D’Ekipp ronderëm de Jairo Delgado, dee leschte Weekend am Championnat géint Esch highest Scorer war, wollt beim T71 d’1-Punktféierung op d’Amicale oprecht erhalen.

Mat Diddeleng haten dem Coach Basic seng Jonge ee staarke Géigner virun der Broscht – Jackson-Cartwright a Co. haten um leschte Spilldag géint d’Arantia d’100-Punktegrenz geknackt, hunn awer fir d'Partie e Samschdeg op de Müller an den zweeten Amerikaner misse verzichten.

© Screenshot

Am éischte Véierel war d'Etzella ganz dominant an d'Lokalekipp huet fréi misse struewelen, huet de Wee awer zeréck an d'Partie fonnt a just mat engem 25:28 de Kierze gezunn. Am zweete Véierel war d'Heemekipp zäitweileg mat engem Ecart vu 7 Punkte vir, konnt awer vun der Féierung kee Profit zéien an huet nach mat 23:20 verluer - mam 51:45 fir d'Etzella goung et an d'Paus.

Dem T71 ass an der zweeter Hallschecht d'Loft ausgaangen, wéi Gutenkauf, Mc Nutt a Coleman den Tempo esou richteg ugezunn hunn. Wéi dunn den drëtte Véierel mat 28:20 zu Gonschte vun der Etzella ausgoung, huet de Coach Basic fir de leschte Véierel d'Bänk oplafe gelooss. Um Enn konnt d'Etzella och dëse wannen an dat mat 26:12.

VIDEO: D'Etzella bleift weiderhin de Leader an der Total League
Diddeleng hat um Enn keng Chance, dëst och well zwee wichteg Spiller bei hinne gefeelt haten.

Sparta – Musel Pikes 71:76

Mat enger Victoire am Réck sinn d’Musel Pikes op Bartreng gereest. D’Heemekipp hat um leschte Spilldag géint d’Amicale ee schwéiere Stand an huet eng Defaite missen astiechen. Dem Coach Magdowski seng Formatioun hat awer géint d’Pikes eng Victoire an der Nues, ma dem Coach Völkl seng Jonge wollten awer dogéint halen a si besser an de Match erakomm.

© Robert Straus

Esou hunn d'Miseler am éischte Véierel 18:16 d'Iwwerhand gehalen, ier et am zweete Véierel mat 24:24 gläich ganz enk ausgoung. Et war vun Ufank un eng extrem spannend Partie an et wousst een net, wéi et um Enn géif ausgoen.

© pressphoto

Am drëtte Véierel hunn d'Pikes dunn nees den Tempo diktéiert a si mat 16:12 als Gewënner ervirgaangen. D'US-Amerikaner hu sech am Match méi zeréckgehalen an et ware virun allem déi Lëtzebuerger Spiller, déi opgedréint hunn. Bei de Miseler waren d'Go-to-Guys Kox a Welter, bei de Lokalhären hunn Arendt, Gint a Feipel ëmmer besser an de Match fonnt.

© Robert Straus

D'Verlängerung houng an der Luucht, ma Um Enn sollten d'Musel Pikes awer dee méi laangen Otem hunn. Si hunn zwar de leschte Véierel mat 19:18 verluer, de Match awer mat 76:71 gewonnen.

Kordall Steelers – Arantia Fiels 68:76

Kordall Steelers, Arantia Fiels, Residence Walfer sinn am Tabellekeller - de Verléierer aus dëser Partie huet sech deemno schonns op de Play-Down kënne preparéieren. D'Steelers hate mat der Fiels den Angschtgéigner op Besuch, net keng Kéier konnte si an 8 Ausernanersetzungen d’Arantia klappen.

Och am 9. Versuch huet et am Ufank net no enger Ännerung an där Statistik ausgesinn. Den éischte Véierel konnten d'Fielsser nämlech mat 25:14 dominéieren. Duerno koumen d'Steelers e Stéck bäi a konnt den zweete Véierel mat 23:20 fir sech entscheeden, wat awer näischt un der 45:37-Féierung fir d'Arantia an der Paus geännert huet.

An Centre Sportif Foussbann goung et nom Téi gutt fir d'Fiels weider, d'Arantia konnt den drëtte Véierel nämlech mat 14:9 fir sech entscheeden. Am leschte Véierel ass et dunn erëm méi ausgeglach weidergaangen, well d'Steelers dëse mat 22:17 gewanne konnt. Um Enn goung dëse Score awer net duer fir d'Schlussvictoire, déi goung nämlech un de Gaascht aus der Fiels.

Damme-Basket

T71 Diddeleng – Etzella 85:63

Mat 5 Punkten Ënnerscheed konnt sech den T71 um leschte Spilldag géint Wëltzer Dammen duerchsetzen. Fir de Kont vum 12. Spilldag am Championnat war mat der Etzella eng weider Ekipp aus dem Norden de Géigner vun den Dammen aus der Forge du Sud. D’Etzella hirersäits hat géint de Basket Esch verluer, wollt deemno géint den Tabellenéischten erëm eppes guttmaachen an eventuell fir eng Iwwerraschung suergen.

No enger Iwwerraschung huet et nom éischten Duerchgang awer net ausgesinn. Et war d'Lokalekipp, déi hir Véierel mat 25:18 a 25:10 fir sech entscheede konnten - 50:28 deemno an der Paus. Och am drëtte Véierel kruten d'Damme ronderëm Schreiner a Neiertz de Fouss net an d'Dier an hunn dëse misse mat 20:16 un den T71 ofginn. Am leschte Véierel konnte sech d'Ettelbrécker Dammen dunn awer mat 19:15 behaapten - ee schwaachen Trouscht, well se de Match an der Ufanksphas verluert hunn.

VIDEO: Bei den Dammen hat Diddeleng kloer géint d'Etzella gewonnen.
Um Enn stoung eng 85:63-Victoire fir d'Heemekipp.

Sparta – Musel Pikes 45:72

D’Damme vun der Musel wollten an hirer Partie géint Bartreng weider Punkten op d’Sparta guttmaachen. Esou huet et och net verwonnert, datt si mat vollem Gas am éischte Véierel opgetruede sinn an dëse mat 25:11 fir sech entscheede konnten. D'Sparta ass am zweete Véierel dunn awer erwächt an huet dëse just nach knapp mat 15:17 verluer. Mam Score vun 42:26 fir d'Pikes goung et op den Téi.

Kuriéis goung et am drëtte Véierel weider - dësen ass nämlech mat 6:2 fir d'Miseler ausgaangen. Am leschte Véierel huet den Tempo nach eng Kéier ugezunn an d'Musel Pikes konnten dëse mat 24:17 relativ däitlech wannen.

Dammebasket: Sparta-Pikes / © Robert Straus

Gréngewald – Wolz 88:83

Déi 7. géint déi 8. - esou housch d’Ausernanersetzung am Centre Sportif am Sand. D’Heemekipp hat um leschte Spilldag eng batter Néierlag géint d’Pikes missen astiechen an och de Gaascht vu Wolz huet nawell däitlech verluer. De Gréngewald konnt mat enger Victoire e bësse Buedem guttmaachen, ma et war de Gaascht, deen den éischte Véierel mat 28:19 dominéiert huet. Am zweete Véierel hat awer d'Heemekipp mat 24:16 d'Nues vir.

Nom Téi war et ganz enk a Simon a Mullings hu sech quasi am drëtte Véierel mat 18:18 duelléiert. An och am leschte Véierel ass et héich hiergaangen an et huet zäitweileg no Verlängerung ausgesinn. D'Dammen aus dem Gréngewald sollten awer géint der Schluss vun der Partie de méi laangen Otem hunn an d'Partie mat 5 Punkten Ënnerscheed gewannen.