E Méindeg de Moie war den Optakt vun de Weltmeeschterschaften am Schwammen zu Hanghzou a China.

Aus Lëtzebuerger Siicht si mam Raphaël Stacchiotti, Pit Brandenburger a Julien Henx dann och 3 Schwëmmer um Depart. Rezent konnten d'FLNS-Schwëmmer hir gutt Form dann och ënnert anerem mat neie Landesrekorder ënner Beweis stellen. De Fränz Schneiders huet sech am Virfeld vun der WM mat de Schwëmmer iwwert hir Ambitiounen ënnerhalen.

AUDIO: Schwamm-WM a China: Ausbléck vum François Schneiders

Fir de Raphaël Stacchiotti geet et e Méindeg mat den 200 Meter 4Nages bei der WM lass, d'Preparatioun vun den nationale Meeschterschafte vu virun 2 Woche bis elo ass beim 26 Joer ale Schwëmmer ganz positiv verlaf.

Dei Bescht Ausgangspositioun, fir eventuell eng Halleffinall ze erreechen, huet vun der Meldelëscht hier de Raphaël Stacchiotti op den 100 Meter 4Nages. Do gëtt de Sportzaldot als 25. gefouert, déi 16 bescht qualifizéiere sech fir d'Halleffinall, ee schwéieren Exercice, wéi och de Raphaël Stachiotti weess.

De Pit Brandenburger ass dann e bësse méi skeptesch, wat seng momentan Form ugeet.

Och wann déi lescht 2 Wochen d'Preparatioun net onbedéngt perfekt fir de Pit Brandenburger gelaf ass, sou sinn d'Ziler bei dëser WM dann awer héich.

Nieft de Lëtzebuerger Schwëmmer sinn am ganzen 950 Athleten aus 178 Natiounen déi ganz Woch iwwer bei der WM a China um Depart. Mat 8.000 Spectateursplazen ass dës WM jiddefalls grouss opgezunn.