Positiven Optakt an déi nei Saison am Tennis fir d'Mandy Minella (WTA-104).

Déi 32 Joer al Spillerin vun der Spora wënnt am 1. Tour vum Haapttableau beim ITF-Tournoi zu Dubai an zwee Sätz 6:1 a 6:4 géint d'Griichin Valentini Grammatikopoulou (WTA-172).