Fussball, Handball oder Basket sinn typesch Sportaarten, déi sech d'Leit als Hobby huelen.

Eng Sportaart, déi awer manner vertrueden ass, ass de Wrestling. Den Tim Penning ass ee vun de wéinege Lëtzebuerger, déi dëse Sport liewen a praktizéieren. Well et zu Lëtzebuerg keng Plattform fir de Wrestling gëtt, ass hien am Saarland an engem Veräin. Hei spillt hien d'Roll vum räichen, protzege Lëtzebuerger. Ma och, wa villes "Show" ass, och bei dësem Sport muss vill trainéiert ginn.