Dramatik pur en Dënschdeg den Owend am europäesche Futtball, wou zwou englesch Ekippe sech an d'Aachtelsfinall geziddert hunn.

Leschte Spilldag dës Woch an der Gruppephas vun der Kinneksklass vum europäesche Futtball. Den Optakt hunn en Dënschdeg den Owend d'Gruppen A bis D gemaach. E Mëttwoch sinn dann d'Gruppen E bis H drun.

An d'Champions League huet en Dënschdeg op en Neits gehalen, wat ee sech vun hir versprach hat. Am Mëttelpunkt stoung natierlech de Grupp C, wou jo vum PSG, Liverpool an Neapel just zwou Spëtzenekippe weiderkomme konnten ... Ma och am Grupp B war fir Spannung gesuergt, Tottenham - Inter Mailand housch hei de "Fernduell", well Tottenham huet zu Barcelona gespillt an Inter hat Eindhoven op Besuch.

Grupp A: BVB huet d'Nues vir

Monaco-Dortmund 0:2
Club Brugge-Atlético 0:0

VIDEO: CL: Resumé vun de Matcher am Grupp A
Bruges-Atlético 0:0 a Monaco-Dortmund 0:2

Wien aus dem Grupp A weider der an der Champions League spille géif, stoung jo scho virum leschte Spilldag fest, elo ass dann och gewosst, datt d'Bruges et an d'Europa League gepackt huet.

Gruppenéischten ass elo Dortmund, de BVB ka sech en Dënschdeg mat 2:0 zu Monaco behaapten. Fir d'Borussen huet zweemol de Raphaël Guerreiro getraff (15. an 88. Minutt). Op Plaz 2 Atlético: An der Partie Bruges géint Atlético ass kee Gol gefall.

Domat bleift fir Monaco mat just engem Punkt och just déi lescht Plaz.

Grupp B: Tottenham, in extremis

Internazionale-PSV 1:1
Barcelona-Tottenham 1:1

VIDEO: CL: Resumé vun de Matcher am Grupp B
Barcelona-Tottenham 1:1 an Inter Mailand-PSV Eindhoven och 1:1

Am Grupp B gouf et a béide Matcher en 1:1 an domat ass Tottenham weider, wéinst dem direkte Verglach ... Awer der Rei no:

Datt Barcelona dës Grupp géif gewannen, dat war gewosst, ma Tottenham an Inter hate virum leschte Spilldag allebéid 7 Punkten. No hire jeeweilege Remise vum Dënschdeg den Owend hu béid Ekippen dann elo 8 Punkten, also muss den direkte Vergläich entscheeden: Do steet et 2:2, ma Tottenham hat doheem 1:0 gewonnen an auswäerts 1:2 verluer, also en Auswäertsgol geschoss an deen huet dann elo d'Weiderkommen entscheet.

Fir Inter geet et also an der Europa League weider, fir de PSV ass d'Aventure Champions League eriwwer.

Nach zu de Goler: Fir Barcelona hat den Dembelé an der 7. getraff, fir Tottenham de Moura an der 85. ...

Zu Mailand war de PSV an der 13. duerch de Lozano a Féierung gaangen, an der 73. konnt den Icardi fir Inter ausgläichen.

Grupp C: Liverpool, Sim-Salah-Bim!

Roude Stär Belgrad-PSG 1:4
Liverpool-Neapel 1:0

VIDEO: CL: Highlighte vu Liverpool-Neapel am Grupp C
Liverpool-Neapel 1:0

Dramatik pur gouf et och am Grupp C, wou Liverpool um Enn eng 1:0-Victoire géint Neapel duergeet, fir an der Champions League ze bleiwen! Datt eng vun den 3 Toppekippen an dësem Grupp misst Äddi soen, dat war gewosst - d'Fro war just: wéi eng?

VIDEO: CL: Resumé vu Belgrad-PSG am Grupp C
Roude Stär Belgrad - Paris Saint-Germain 1:4

Neapel, dat virum leschte Spilldag nach d'Nues vir hat, ass de grousse Verléierer vum Owend: Mat enger klorer 4:1-Victoire zu Belgrad ka sech Paräis nämlech sécher qualifizéieren, och wann een net ëmmer an der Gruppephas iwwerzeege konnt. Liverpool huet et spannend gemaach, well vill Chancen ausgelooss, war awer kloer iwwerleeën an um Schluss geet den 1:0 géint Napoli duer, fir sech ze qualifizéieren - et war awer eng enk Geschicht, well d'Italiener bloufe bis zum Schluss geféierlech ... e Gläichspill wier hinnen duergaangen ... Op en Hoer wieren d'Englänner zum Schluss awer bal nach fir vill ausgeloosse Chancë bestrooft ginn.

VIDEO: CL: Liverpool-Neapel, den decisive Gol
An der 34. Minutt huet de Salah d'Reds mat hirem Trainer Jürgen Klopp erléist.

Den decisive Gol fir d'Reds huet de Salah an der 34. Minutt geschoss. Minimalistesch, dem Klopp seng Ekipp.

De PSG ka sech zu Belgrad behaapten.

Grupp D: Galatasaray an der Europa League

Schalke-Lokomotiv Moskau 1:0
Galatasaray-Porto 2:3

Am Grupp D waren d'Decisioune jo scho virum leschte Spilldag gefall, Porto géif egal wéi Gruppenéischten a Schalke egal wéi Gruppenzweete ginn. Ma wien d'Europa-League-Plaz kréie sollt, dat war nach ongewëss. Op d'mannst emol fir Moskau a fir Galatasaray goung et also nach ëm eppes. Virum ofschléissende 6. Spilldag hat Galatasaray 4 a Moskau 3 Punkten um Kont.

A Galatasaray konnt sech dann och d'Europa-League-Plaz sécheren, huet emol net mussen iwwer den direkte Verglach mat Moskau fueren, dee war 3:2 fir d'Tierken ausgaangen ass (doheem 3:0 gewonnen, auswäerts 0:2 verluer).

Hir Matcher vum Dënschdeg den Owend, si goufen ewell um 18.55 Auer ugepaff, hunn nämlech esouwuel Galatasaray wéi och Moskau verluer: Galatasaray huet sech doheem mussen 2:3 géint Porto geschloe ginn, bleift also bei 4 Punkten, a Moskau huet op Schalke just 0:1 verluer, bleift also och bei sengen 3 Punkten a gëtt domat Leschten am Grupp D.

VIDEO: CL: Resumé vun de Matcher am Grupp D
Galatasaray-Porto 2:3 a Schalke-Lokomotiv Moskau 1:0

Schalke konnt d'Gruppephas also mat enger Victoire ofschléissen, allerdéngs mat enger spéider, well de Schöpf huet den 1:0 eréischt an der Nospillzäit (91. Minutt) geschoss.

Méi Goler sinn an der anerer Partie gefall, wou de Felipe an der 17. an de Marega an der 42. op Eelefmeter de Score fir Porto opgemaach hunn, ma nach virun der Paus, an der 1. Minutt vun der Nospillzäit vun den éischte 45 Minutten, konnt de Fegouli op 1:2 verkierzen, och op Eelefmeter. An der 57. Minutt huet de Sérgio Oliveira deen alen Ecart vun 2 Goler nees hiergestallt, ma an der 65. huet den Derdiyok fir den 2:3 getraff. Du hate béid Ekippen awer hiert Polver verschoss, esou datt d'Partie mat 3:2 fir Porto zu Istanbul ausgaangen ass.

Matcher vum Mëttwoch

E Mëttwoch den Owend sinn dann d'Gruppen E bis H drun: D'Champions-League-Decisioun sinn hei bis op eng gefall. Am Grupp F hu Lyon an Donetsk nach Chancen, also eng kleng Finall fir béid Ekippen.

Grupp E
Benfica Lissabon-AEK
Ajax Amsterdam-Bayern München

Grupp F
Manchester City-Hoffenheim
Shakhtar Donetsk-Lyon

Grupp G (schonn um 18h55)
Pilsen-AS Roma
Real Madrid-ZSKA Moskau

Grupp H
Valencia-Manchester United
Young Boys-Juventus

Um 2. RTL an op RTL.lu kënnt Dir d'Partie Ajax Amsterdam - Bayern München kucken. Do geet et jo drëm, de Gruppenéischten am Grupp E z'ermëttelen.