Bis op eng Ekipp sinn all d'Lëtzebuerger Veräiner an der Wanterpaus, bei der Ekipp aus der Forge du Sud ass dat awer nach net esou.

Den F91 Diddeleng muss en Donneschdeg den Owend um 21 Auer awer nach emol am Stade Josy Barthel untrieden. Do spille si hire leschte Match an der Europa League géint Betis Sevilla. Duerno geet et dann och fir den aktuelle Lëtzebuerger Champion an déi wuelverdéngte Paus.

AUDIO: Preview F91 vs Betis/Reportage Rich Simon

Am Allersmatch géint Betis Sevilla hunn d'Jonge vum Dino Toppmöller laang gutt matgehalen. Den F91 huet sech souwisou gutt an der Europa League geschloen an de Lëtzebuerger Futtball gutt vertrueden. Op de leschte Match freet d'Ekipp sech op alle Fall.

Den Dave Turpel hat den F91 an hirem éischten Auswäertsmatch am Estadio Benito Villamarin bal mat 1:0 a Féierung gekäppt, mä de Robles hat de Réckstand mat enger staarker Parad verhënnert.

Nodeems een 3 Goler an dëser Campagne geschoss huet, feelt just nach ee Punkt, mä géint d'Spuenier mat hirem Topscorer Lo Celso, deen a 5 Matcher 3 Goler schéisse konnt, gëtt dat net einfach.

An der spuenescher Tabell sti si op der 7. Plaz. Dat seet wuel genuch iwwer den Niveau aus. Bis elo huet Betis an der Gruppephase 3 Mol gewonnen an 2 Mol gläichgespillt a si virum leschte Match géint Diddeleng sécher an der KO-Ronn. Déi Diddelenger hunn zwar kee Match bis elo gewonnen an och nach kee Punkt kritt, si hunn awer och net enttäuscht. Zweemol hu si et esouguer fäerdeg bruecht auswäerts ze markéieren.

De leschte Sonndeg an der Coupe stoung de jonken Enzo Esposito tëscht de Pottoe bei deenen Diddelenger. De Jonathan Joubert souz op der Bänk. Hien ass no senger Blessure zwar nees praktesch fit, allerdéngs kann hien den Donneschdeg den Owend wéinst engem Reglement net mat oplafen.

A wéi den F91 Diddeleng d'Kalennerjoer 2018 ofschléisse wäert, kënnt Dir muer vun 20.45 Auer un um 2. RTL suivéieren, um Radio an och am Livestream op RTL.lu.

Verschidde Stroosse gespaart

D'Rue des Foyers, de Boulevard Napoléon 1er an d'Rue du Stade si vu 16 Auer bis 24 Auer fir den Trafic gespaart. D'Areler Strooss tëscht dem Square New York an der Rue des Aubépines, d'Rue des Arquebusiers, d'Rue Aloyse Kayser, d'Rue Ostende an d'Rue Nicolas Simmer si fir déi nämmlecht Zäit deelweis gespaart.

Offiziellt Schreiwes vun der Ville de Luxembourg

INFORMATION Ligue Europa

F91 Dudelange - Real Betis Balompié

le jeudi 13 décembre 2018 au stade Josy Barthel

Dans le cadre du match opposant le F91 Dudelange au Real Betis Balompié le jeudi 13 décembre 2018 au stade Josy Barthel, la Ville de Luxembourg tient à informer le public que la rue des Foyers, le boulevard Napoléon 1er, la rue Nicolas Petit et la rue du Stade seront interdits à la circulation de 16h00 à 24h00. La route d'Arlon (N6), entre le square de New York et la rue des Aubépines, la rue des Arquebusiers, la rue Aloyse Kayser, la rue d’Ostende et la rue Nicolas Simmer seront fermées selon les besoins entre 16h00 et 24h00.

Information communiquée par l’Administration communale