Am Basket waren e Mëttwoch an en Donneschdeg d'Véierelsfinallen an der Coupe am Basket bei den Dammen.

Gréngewald - Musel Pikes 72:68

Et war eng ganz spannend Partie an der Hal Jeannot Bonifas zu Stadbriedemes. Béid Ekippen hu sech vun Ufank un näischt geschenkt an deementspriechend Spannend war d'Partie. Nom éischte Véierel louch nëmmen ee Punkt tëscht béiden Ekippen an och an der Paus war et nach ëmmer ee ganz enkt Resultat, well do stoung et 40:36 fir d'Ekipp aus dem Gréngewald. D'Pikes hu sech awer net ënnerkréie gelooss an hu weider motivéiert no vir gespillt. Déi zweet Hallschent war nach méi equilibréiert, ma um Enn kënne sech d'Dammen aus dem Gréngewald mat 72 op 68 duerchsetzen a stinn esou an der Ronn vun de leschte 4.

Zwou Lëtzebuerger Spillerinne konnten dann e Mëttwoch den Owend och komplett iwwerzeegen. D'Cathy Schmit hat op Säite vun de Pikes déi meeschte Punkten, ganzer 30 goungen nämlech op hire Kont. Bei der Ekipp aus dem Gréngewald huet ee sech d'Punkte besser opgedeelt, ma nawell kënnt d'Anne Simon als bescht Scorerin op 24 Punkten.

Amicale Steesel - AB Contern 99:63

Steesel a Wolz an den Halleffinalle vun der Coupe am Basket
D'Amicale huet mat 99:63 géint Contern gewonnen a Wolz hat mat engem 72:42 keng Problemer zu Walfer.

Direkt vun Ufank un huet Steesel dëse Match dominéiert. Mat 28:16 no den éischten 10 Minutten an esouguer 54:37 no 20 Minutten war et ganz schwéier fir d'Damme vu Contern. D'Gäscht konnten  a kengem Véierel dominéieren, esou datt den Ecart vu Steesel ëmmer méi grouss ginn ass. No enger hallwer Stonn stoung et dunn 82:53 an um Schluss vum Match setze si sech 99:63 duerch.

Résidence Walfer - Les Sangliers Wooltz 42:72

Am Duell tëscht zwee Veräiner aus der ieweschter Divisioun hat Wolz de besseren Ausgang. D'Ekipp aus dem Norden vum Land hat schonn de besser Start a war nom éischte Véierel 19 op 9 am Avantage. Am zweete Véierel stoung hir Defense da ganz gutt an der Résidence si just 8 Punkte gelongen, si selwer konnten der awer 24 markéieren, esou datt et no der Hallschent vum Match 43:17 stoung. Am drëtte Véierel konnt d'Résidence mathalen a verléiert dee just knapp mat 14:15, de véierten ass de liicht méi kloer u Wolz gaangen, dat mat 14:11, esou datt et um Schluss 72:42 fir d'Gäscht aus Wolz ausgaangen ass.

Blag Frogs Schieren - Sparta Bartreng 52:75

Mat 10 Punkten Avance ass Schieren an de Match gestart. Am éischte Véierel konnte si just 7 Punkte markéieren, hunn der awer 24 missten astiechen. Dann no 20 Minutten hat d'Sparta de Match awer gedréint an hat en Avantage vun 12 Punkten. Dëse konnt Bartreng nach am Laf vum Match ausbauen, esou datt, mat 61:42 nom drëtte Véierel a 75:52 zum Schluss vum Match.