Um Donneschdeg an der Mëttesstonn sinn d'Véierelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg am Futtball gezu ginn.

Ettelbréck kritt et mat Stroossen ze dinn. Den F91 muss géint Munneref untrieden. De Gewënner aus der Partie Millebaach géint Biissen kritt et mat Nidderkuer ze dinn a Mäertert/Waasserbëlleg spillt doheem géint Rouspert. D'Partië ginn den 3. Abrëll gespillt.

An der Coupe des Dames spillt Mäertert/Waasserbëlleg géint Mamer. D'Entente Wuermer/Mënsbech/CSG kritt et mat Ell ze dinn. De Progrès muss géint Jonglënster untrieden an de Racing géint Beetebuerg.

D'Partië sinn den 20. Abrëll.