D'Italienerin gewënnt de Sprint zu Hochfilzen iwwer 7,5 Kilometer hauchdënn virum Kaisa Mäkäräinen.

D'Wierer hat um Enn nämlech nëmmen 0,6 Sekonnen Avance op d'Biathletin aus Finnland. Domat ass et dann och gläichzäiteg déi éischte Victoire an dëser Saison fir d'Wierer.

D'Mäkäräinen an d'Wierer louchen en Donneschdeg wierklech bal gläich op, well béid Sportlerinnen hu beim 2. Schéissen ee Feeler geschoss, esou dass se allebéid eng Strofronn hu missen absolvéieren. Déi drëtte Plaz geet un d'Russin Ekaterina Yurlova, déi feelerfräi bliwwen ass an um Enn 24,4 Sekonne Retard op d'Gewënnerin hat.

Déi zweet Italienerin, d'Lisa Vittozzi verpasst dann de Podium ëm 0,9 Sekonnen. Wier si feelerfräi bliwwen, wier och do méi dra gewiescht.

Gutt Chancen op eng Victoire hat och d'Tiril Eckhoff, ma d'Norwegerin huet beim leschte Schéissen einfach ze vill Feeler gemaach, esou dass ee gutt Resultat net méi méiglech war.

Am Gesamt-Weltcup läit d'Dorothea Wierer och un der Spëtzt mat 204 Punkten, dat och hei virum Kaisa Mäkäräinen mat 185 Punkten. Am Sprint-Weltcup leien d'Wierer an d'Mäkäräinen elo gläich op, si hunn allebéid 114 Punkten.