Nom 0:0 géint Betis Sevilla huet Diddeleng sech den éischte Punkt vun enger Lëtzebuerger Ekipp am europäesche Futtball geséchert.

AUDIO: F91 no der Europa League / De Rich Simon mat engem Bilan

Um Donneschdeg stoung an der Europa League dee leschte Match an der Gruppephas um Programm. Aus Lëtzebuerger Sicht goung et fir den F91 Diddeleng dorëms, mat enger gudder Leeschtung vun der internationaler Bühn ze trieden. Bis ewell war et de Jonge vum Dino Toppmöller, dee géint d'Spuenier an der Startformatioun op de Kruska verzicht hat, gelongen, sech gréisstendeels gutt ze presentéieren, och wann nach kee Punkt erausgespronge war. De Géigner Betis Sevilla, deen am Allersmatch mat 3:0 gewonnen hat, war virum Match scho fir déi nächst Ronn qualifizéiert, ma d'Spuenier wollte sech trotzdeem déi éischt Plaz vum Grupp F sécheren. Sou hunn och e puer spuenesch Supporter de Wee an de Stade Josy Barthel fonnt gehat.

© Yannick Zuidberg

An der éischter Halschent hate béid Ekippe Schwieregkeete, sech um veräisten a rutschegen Ënnergrond ze beweisen. De Bonnefoi hat déi dräi bescht Geleeënheeten vu Betis gutt paréiert, a sou war et mat engem 0:0 an d'Paus gaangen.
No der Paus hat Diddeleng weider gutt matgehalen, a sou hu si et um Enn fäerdeg bruecht, sech ee Punkt ze sécheren.

© pressphoto.rtl.lu

Am zweete Match am Grupp F hat Olympiacos Piräus den AC Milan op Besuch. An engem Match, an dem et fir béid Ekippen nach em d'Weiderkomme gaange war, konnt Piräus no 60. Minutten duerch de Cisse a Féierung goen.
D'Griichen hunn un hir Chance op déi nächste Ronn gegleeft, a sou war et an der 70. Minutt ee Selbstgol vum Zapata, dee fir den 2:0 gesuergt hat. Den Zapata konnt säi Feeler dann awer erëm gutt maachen an hat nëmmen 2 Minutte méi spéit selwer den 1:2 fir Milan geschoss.
Um Enn sollt Piräus de Match dann awer gewannen, dëst well de Fortounis an der 81. Minutt duerch een Eelefmeter op 3:1 erhéije konnt. Soumat war et Piräus um Enn nach gelongen, sech als Tabellen-Zweeten nach viru Milan ze placéieren .

Soumat konnt sech Betis Sevilla als Tabelleleader fir déi nächst Ronn qualifizéieren, dëst viru Piräus. Milan gouf um Enn bëssen iwwerraschend just Drëtten an Diddeleng gouf nom sensationelle Punkt géint Betis 4. am Grupp F, dëst mat dräi erziilte Goler.

Reaktiounen zum Match:

VIDEO: Reaktiounen an der Paus
No 45. Minutte analiséiert de Paul Philipp déi éischt Halschent um Mikro vum RTL.
VIDEO: Interview nom Match mam Dave Turpel
De Stiermer vum F91 Diddeleng hat wéi all Spiller mam Terrain ze kämpfen.
VIDEO: Den Tom Schnell analyséiert den Exploit vun Diddeleng
Den Defenseur war ganz zefridde a kuckt och ewell op déi nächst Saison.
VIDEO: Den Dino Toppmöller lueft seng Spiller a war ganz zefridden
Den Trainer vun Diddeleng war houfreg op seng Ekipp an op d'Resultat.
VIDEO: De Sinani um Mikro vum RTL.
Den Offensivspiller kuckt op d'Erfarungen aus de leschte Wochen zeréck.

Resumé vum Match:

AUDIO: F91 géint Betis / De Resumé vum Serge Olmo

© pressphoto.rtl.lu

Op engem veräisten Ënnergrond war et den Diddelenger an den éischte fënnef Minutte gelonge, sech vun enger gudder Säit ze presentéieren.

No 7. Minutte waren et dann awer d'Gäscht, déi déi éischt gutt Aktioun vum Match haten. No enger flotter Pass vum Moron koum de Francis aus spatzem Wénkel zum Ofschloss, de Schoss goung awer relativ wäit iwwert de Gol vum Bonnefoi.

Betis Sevilla war duerno awer besser mam Terrain eens ginn, a sou hu si de Lëtzebuerger net vill Chancen op ee Gol gelooss. Diddeleng stoung relativ déif, a sou war et an der Ufanksphas ee Match ouni grouss Geleeënheeten.

Nodeems den Inui sech an der 18. Minutt bis an de Strofraum duerchsetze konnt, stoung déi Diddelenger Defense awer richteg a konnt de Ball deviéieren, sou dass just ee Corner fir d'Spuenier erausgespronge war.

Béid Ekippe ware gewëllt, sech de schwieregen äusserleche Konditioune unzepassen, a sou hat et bis zur 25. Spillminutt éier Betis déi éischt grouss Chance hat. No enger Flank konnt de Bonnefoi de Ball nach mat der Fauscht ofwieren, de Ball war allerdéngs beim Tello gelant, deen et aus der Distanz probéiert hat. Iwwer Ëmweeër war de Ball da beim Moron gelant, deen aus kuerzer Distanz awer ze zentral ofgeschloss hat a sou konnt de Golkipp vun Diddeleng de Ball nach ofwieren.

Déi Diddelenger hate probéiert, sech offensiv bëssen ze weisen, ma béid Ekippen haten allerdéngs vill Ongenauegkeeten an hirem Spill, sou dass net vill Chancen erausgespronge waren an de Match sech vill am Mëttelfeld ofgespillt hat.

No enger super Pass an de Réckraum vum Francis stoung de Loren Moron am Strofraum vun Diddeleng genau richteg, den Bonnefoi konnt de Ball an der 35. Minutt mat engem staarke Reflex awer nach laanscht de Potto leeden.

Kuerz virun der Paus hat de Joaquin dann nach d'Geleeënheet mat engem Fräistouss, ma och hei war de Bonnefoi am Gol vun Diddeleng net ze iwwerwannen.

Bis zur Halschent konnt Diddeleng Betis Sevilla gutt ënner Kontroll halen, an et hat ee gesinn, dass d'Spuenier och hier Problemer mat den äusserleche Bedéngungen haten. Déi eenzeg Chancen, déi Betis hat, konnt de Bonnefoi ofwieren a sou hat Diddeleng no 45. Minutten nach ëmmer Chancen op hiren éischte Punkt an der Europa League. De grousse Spektakel war an der éischter Halschent, wéi een erwaarde konnt, awer ausbliwwen.

VIDEO: Déi bescht Aktiounen aus der éischter Halschent
No 45. Minutte stoung et am Stade Josy Barthel nach 0:0.

Nom Säitewiessel stoung Diddeleng méi héich a wollt Betis Sevilla probéieren, ënner Drock ze setzen. Ënnert dem Stréch war et awer kenger Ekipp gelongen, sech grouss Chancen erauszespillen.

No enger Stonn hat Diddeleng dann och hir éischt richteg gutt Geleeënheet op den 1:0. De Kenia konnt sech géint dräi Defenseure behaapten an hat de Ball staark op de Sinani weiderginn. Dem Diddelenger säi Schoss goung aus spatzem Wénkel awer knapp iwwert de Gol.

D'Gäscht aus Spuenien hate Problemer, hiert Spill opzezéien, an d'Lëtzebuerger waren ëmmer besser an de Match komm. Virun allem d'Passspill vu Betis war oft et prezis genuch, a sou hat d'Defense vun Diddeleng net vill Problemer.

Duerno hat Diddeleng den Tempo erëm erofgesat, a sou krut Betis ëmmer méi Raum. An der 72. Minutt krut de Pedro Leon, dee kuerz virdrun agewiesselt gouf, de Ball an de Laf gespillt. Um Enn war de Wénkel fir de Leon awer ze spatz ginn a sou krut de Spuenier de Ball net op de Gol.

10 Minutte viru Schluss hat ee gemierkt, dass d'Lokalekipp vun Diddeleng eppes wollt mat Heem huelen, a Betis war et net gelongen, d'Lëtzebuerger eeschthaft a Gefor ze bréngen. D'Männer vu Betis hunn an der Schlussphas wuel probéiert, de Bonnefoi ze iwwerwannen, ma d'Defense vum Lëtzebuerger Vertrieder stoung sécher an hat net vill zougelooss.

An der 88. Minutt hunn déi Diddelenger dann awer nach eemol missen zidderen. No enger Flank koum de Garcia mam Kapp un de Ball, de Bonnefoi am Gol vun Diddeleng krut de Ball mat engem staarke Reflex awer nach iwwert d'Linn gedréckt.

Um Enn huet Diddeleng alles ginn a Betis war et net gelonge, sech weider Chancen erauszespillen, a sou war d'Resultat duerno perfekt. Mat engem 0:0 géint déi favoriséiert Ekipp aus Spuenien war et Diddeleng soumat als éischt Lëtzebuergesch Ekipp gelongen, ee Punkt an enger europäescher Kompetitioun ze huelen.

VIDEO: Déi bescht Aktiounen aus der zweeter Halschent
Um Enn war et Diddeleng gelongen, sech ee Punkt géint Betis Sevilla ze erkämpfen.

Ënnert dem Stréch ass den Exploit vun Diddeleng an der Europa League wuel fäerdeg, ma mat engem Punkt kann een awer ganz zefridde sinn.

Weider Resultater:

Grupp A:

Larnaca - Leverkusen 1:5

Nodeems Larnaca an der 26. minutt duerch de Catala a Féierung gaange war, hat Leverkusen duerno awer gewise wien de Favorit war, a sou konnt de Kohr nëmmen 2 Minutte méi spéit den Ausgläich schéissen. Virun der Paus konnt den Alario da mat engem Eelefmeter d'Féierung fir Leverkusen markéieren. Nom Säitewiessel konnt Leverkusen de Match dann awer op hir Säit zéien. An der 68. Minutt war et de Kohr, dee säin zweete perséinleche Gol schéisse konnt, éier de Paulinho de 4:1 fir d'Werkself noleeë konnt. Den Alario hat an der 86. Minutt mat sengem zweete perséinleche Gol fir d'Schlussresultat gesuergt.

Grupp H:

Lazio - Frankfurt 1:2

Am Grupp H war d'Eintracht aus Frankfurt zu Roum op Besuch. Béid Ekippe ware scho qualifizéiert, a sou hat et och bis zur 56. Minutt gedauert, éiert den éischte Gol gefall war. De Correa konnt hei den 1:0 fir Lazio markéieren. D'Féierung sollt awer net laang bestoe bleiwen. An der 65. Minutt konnt de Gacinovic ausgläichen an an der 71. Minutt konnt den Haller déi Däitsch souguer nach a Féierung bréngen. Soumat bleift Frankfurt an der Gruppephas ouni Punkteverloscht. Dëst ass bis ewell nach kenger däitscher Ekipp an der Europa League virdru gelonge.

Grupp L:

Vidi - Chelsea 2:2

Den FC Chelsea ass géint Vidi aus Ungarn net iwwer een 2:2 eraus. Nodeems de Willian de Favorit aus England an der 30. Minutt a Féierung brénge konnt, war et 2 Minutte méi spéit den Ampadu, dee mat engem Selbstgol de Score erëm onfräiwëlleg ausgeglach hat. De Nego konnt d'Haushären an der 56. Minutt fir eng zweete Kéier a Féierung bréngen, ma den agewiesselte Giroud konnt 15 Minutte viru Schluss fir d'Schlussresultat vun 2:2 suergen.