E Freideg an der Sportsversioun vun "Am Gespréich" huet sech den Dan Kersch de Froe vum Franky Hippert an dem Gilles Muller gestallt.

Um Freideg hate mir deen neie Sportminister bei eis an der Emissioun am Gespréich tëscht 12 an 13 Auer.

Wat sinn d‘Prioritéite vum Dan Kersch? Wat sinn déi Saachen, déi am Lëtzebuerger Sport besser musse ginn? Wéi vill wäert de finanzielle Volet vum Sport am Staatsbudget an de nächste Jore klammen? Kritt de Sport an Zukunft och méi en héije Stellewäert an der Schoul?

Dëst waren nëmmen e puer vun de Froen, déi mir zesumme mam Gilles Muller dem Sportminister gestallt hunn.

AUDIO: Am Gespréich: Sportsminister Dan Kersch

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.

Viru kuerzem huet den Dan Kersch de Sportsministère vum Romain Schneider iwwerholl. / © SIP / Emmanuel Claude, tous droits réservés