Optakt en Donneschdeg den Owend vun der Weltmeeschterschaft am Darts zu London am Alexandra Palace. Bis den 1. Januar dauert de Spektakel.

E bëssen iwwerraschend war jo den 1. Januar 2018 de Rob Cross Weltmeeschter ginn. An der Finall hat hien dem legendäre Phil "The Power" Taylor keng Chance gelooss. Deen hat deemools der grousser Darts-Bühn, déi hie selwer iwwer Joerzéngte matopgebaut hat, Äddi gesot.

De Rob Cross huet direkt um Optakt-Owend an der zweeter Ronn musse spillen an hat mam Hollänner Jeffrey de Zwaan e schwéiere Géigner. Béid Kontrahenten haten héich Scoringen, ma um Enn hat de Cross déi besser Nerve bei de Finishen. Hie bleift also am Tournoi.

Net méi dobäi sinn dogéint den jonken Däitschen Martin Schindler, deen direkt a sengem éischter Match eliminéiert gouf. Den Neiséilänner Cody Harris konnt sech 3:2 duerchsetzen. Mam Max Hopp trëtt e Samschdeg awer nach e weideren Däitschen op der WM op.

En historesche Succès huet d'Englännerin Lisa Ashton verpasst, wéi si géint de Jan Dekker aus Holland verluer huet. Bis elo konnt nämlech nach keng eenzeg Fra eng Partie op enger Darts-WM gewannen. Mat der Russin Anastassija Dobromyslowa ass awer eng zweet Damm op der WM. Bei der 26. Oplo ware fir d'éischt zwou Startplaze fix fir Frae reservéiert.

Wëssenswäertes iwwer d'WM

Wéi héich ass d'WM dotéiert?
Op der WM ginn 2,8 Milliounen Euro verdeelt, eleng de Gewënner dierf sech iwwer 500.000 Pond freeën.

Eng Primm gëtt et fir 9 perfekt Schëss?
Fir e perfekte Leg, e sougenannten "Nine Darter", gëtt et 25.000 Pond extra. En Nine Darter ass, wann een vu 501 mat just 9 Feiler op 0 kënnt. D'Zil ass et jo ëmmer, esou séier wéi méiglech op 0 ze kommen, awer mat engem "double out", wann een also nach 16 Rescht huet, muss ee mat Duebel 8 ofschléissen, also mat enger Zuel vum baussechte  Réng op der Scheif. Sollte méi Spiller d'Konschtstéck vun engem Nine Darter op der WM fäerdegbréngen, gëtt de Bonus gedeelt.

Wou ass d'WM?
Zu London am Alexandra palaca, besser bekannt als Ally Pally. An do ass richteg eng Lass, vill Leit komme schéi gerëscht nokucken, verkleet als Giraffen, Krokodil an esou weider. E bësse wéi Oktoberfest a Fuesent zesummen ... Et freet ee sech, wéi d'Spiller op der Bühn bei deem ganzen Zodi eng roueg Hand behalen ...

Wien iwwerdréit?
Sport1 ass nees derbäi an huet 110 Stonne Live-Programm annoncéiert.

Favoritten?
De Rob Cross versicht jo, säin Titel ze verdeedegen, ma de Michael van Gerwen ass awer den Topp-Favoritt. Ma d'Crème de la crème ass dobäi - Gary Anderson, Raymond van Barnefeld ... - an eng Iwwerraschung kann et ëmmer ginn, wéi ee bei der leschter WM gesinn huet.

Mëttlerweil an der Pensioun: de Phil Taylor.