De ganze Weekend sinn d'Frënn vum Automobilsport op hir Käschte komm.

D'Ausstellung war a 4 Showen opgedeelt: d'Euro Racing Show, d'Live Motor Show, d'Classic Car Show an d'Top Tuning Show. Donieft waren och klassesch Autoen ze gesinn, Ween aus der WRC Rallye-Weltmeeschterschaft a Star-Piloten.

Vill PS a schéi Gefierer konnt ee bis e Sonndeg den Owend op de Kierchbierg bewonnere goen.

D'Rallye-Legend Walter Röhrl a säi Copilot Christian Geistdörfer sinn ewell feste Bestanddeel vun dësem Rendez-Vous.

International Motorshow dëse Weekend
D'Rallye-Legend Walter Röhrl a säi Copilot Christian Geistdörfer sinn ewell feste Bestanddeel vun dësem Rendez-Vous.
International Motorshow an der Luxexpo
De ganze Weekend kommen d'Frënn vum Automobilsport op hir Käschten. Vun e Freideg u leeft an der Luxexpo d'International Motorshow.

Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vun der International Motorshow.