Fir den Norweger ass et an dëser Saison schonn déi 3. Victoire an der 4. Course.

Den Olympiagewënner am Eenzel, Johannes Thinges Bö, huet um Donneschdeg am éisträicheschen Hochfilzen am Sprint gewisen, datt hien den Ament de beschte Biathlet ass. Den Norweger ass mat enger ganz staarker Form an d'Saison gestart an huet sech no den 10 Kilometer trotz enger Strofronn d'Victoire geséchert. Den Thinges Bö hat zum Schluss e Virsprong vu ronn 8 Sekonnen op säi grousse Rival, de siwefache Weltcupgewënner Martin Fourcade, deen den Zweete ginn ass. De Fransous hat d'Scheiwen alleguer getraff. Déi drëtte Plaz war fir den däitschen Benedikt Doll. Hien ass feelerfräi bliwwen an hat e Réckstand vu ronn 10 Sekonnen.

E Samschdeg um 14.45 Auer ass d'Course Poursuite bei den Hären.