Lëtzebuerg spillt an der Qualifikatioun fir d'Futtball-EM 2020 géint Litauen, Serbien, d'Ukrain a Portugal.

De Conseil d'Administration vun der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun huet decidéiert, fir d'Tickete fir d'EM-Qualifikatioun a Form vun engem Abonnement ze verkafen. Fir déi 4 Heemmatcher läit de Präis tëscht 160 a 40 Euro. D'Abonnementer kann een um Site vun der FLF bestellen, d'Tickete fir déi eenzel Matcher ginn de Leit dann zwou Woche virun de verschiddene Partië geschéckt.

Asätz vun der Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp:

Freides, den 22. Mäerz 2019: Lëtzebuerg - Litauen
Méindes, de 25. Mäerz 2019: Lëtzebuerg - Ukrain
Dënschdes, den 10. September 2019: Lëtzebuerg - Serbien
Sonndes, de 17. November 2019: Lëtzebuerg - Portugal

Abonnementer:

Tribune couverte: 160 Euro (keng méi disponibel)
Tribune de face: 80 Euro
Tribune de côté: 60 Euro
Tribune populaire: 40 Euro