Am Live! Planet People waren Freideg den Owend d'Danielle Logelin-Rassel, déi e Kand mat Down-Sydrom huet, an de Futtballer Tom Schnell d'Invitéen.

D’Danielle Logelin-Rassel krut virun 30 Joer hiren éischte Puppelchen. Direkt no der Gebuert gouf si gewuer, dass den Yves mam Down-Syndrom op d’Welt koum. Mä séier huet si den éischte Schock verdrängt an huet du probéiert, den Yves esou “normal” wéi méiglech z’erzéien. Hie schafft haut am Beetebuerger Park a wëllt geschwënn doheem erausplënneren. D’Danielle seet haut: “Kanner mat Down-Syndrom si kee Problem. Och si hu vill Talenter a suerge fir vill schéi Momenter”. Hir Erfahrungen huet si elo als Buch erausbruecht. Am leschte Match géint Bétis Sevilla huet den F91 sech nach ee Punkt an der Europa League geséchert. Mam Tom Schnell kucke mir op déi lescht dräi Méint vum F91 Diddeleng zeréck. Wéi huet de Kapitän vun der “Equipe vum Joer” dës Zäit erlieft? Säi schéinste Moment war sécher d’2:1-Féierung zu Mailand. Mä och de Stadion vu Sevilla huet hie besonnesch beandrockt.