Am polnesche Championnat huet Legia Warschau e Samschdeg den Owend mat 2:0 géint Piast Gliwice gewonnen.

Am Championnat a Polen stoung de Chris Philipps e Samschdeg den Owend bei Legia Warschau an der Startformatioun. Um Enn huet Warschau mat 2:0 géint Piast Gliwice gewonnen. D'Goler hunn de Kulenovic an de Lopez an der 21. respektiv 84. Minutt geschoss. De Chris Philipps huet an der 81. Minutt déi giel Kaart gesinn a gouf an der 88. Minutt ausgewiesselt.

An der drëtter Divisioun an der Belsch huet Royal Excelsior Virton e Samschdeg den Owend mat 2:0 zu Lierse gewonnen. Bei Virton stoungen den Anthony Moris, den Aurélien Joachim an de Lucas Prudhomme an der Startformatioun. De Joachim huet an der 26. Minutt den 1:0 fir seng Ekipp markéiert. De Prudhomme huet den 2:0 vum Grain preparéiert.
 
An der League Two an England huet Yeovil Town auswäerts 0:0 géint Cambridge United gespillt. Den Enes Mahmutovic souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.

An der drëtter däitscher Bundesliga huet Eintracht Braunschweig mat 1:0 zu Cottbus gewonnen. Den Eric Veiga stoung net am Kader vu Braunschweig.

An der Ligue 2 a Frankräich huet Troyes e Freideg auswäerts géint d'AS Nancy 1.1 gläich gespillt. De Christopher Martins stoung fir Troyes an der Startformatioun a gouf an der 89. Minutt ausgewiesselt.

De Vincent Thill huet e Freideg den Owend säi 6. Gol fir Pau an der National a Frankräich geschoss. De Lëtzebuerger hat seng Faarwen an der 28. Minutt zu Cholet mat 1:0 a Féierung bruecht. No der Paus konnten d0Haushären de Match awer nach dréinen, dat duerch zwee Goler vum Rocheteau an der 60. an an der 84. Minutt. No 90 Minutte gewënnt duerch den FC Cholet mat 2:1 géint Pau. De Lëtzebuerger gouf an der Paus ausgewiesselt.

© pressphoto (Archiv)