E Freideg den Owend huet Wolfsburg an der Bundesliga fir de Kont vum 15. Spilldag auswäerts verdéngt mat 2:0 géint Nürnberg gewonnen.

An der Bundesliga huet Wolfsburg no de 7 Punkten aus de Matcher géint Frankfurt, Leipzig an Hoffenheim e Freideg op en Neits dräi Zieler op de Konto dobäi kritt, dat duerch eng 2:0-Victoire zu Nürnberg. Fir d'Ekipp vum Köllner leeft et den Ament dogéint net esou gutt, et muss ee weider op eng Victoire waarden an e Freideg den Owend gouf et schonn déi 9. Kéier keng 3 Punkte méi.

Déi éischt 15 Minutten an der Partie tëscht Nürnberg a Wolfsburg waren animéiert an et gouf Chancen op béide Säiten, ier dunn awer d'Vitess an der Partie bis d'Paus ëmmer méi erofgaangen ass. Nom Téi waren et d'Haushären déi, déi méi no vir gemaach hunn, ma et waren awer d'Gäscht déi mat 1:0 an der 58. Minutt a Féierung gaange sinn. De Ginczek hat géint säi fréiere Veräin getraff. Den FCN huet an de leschten 20 Minutten nach gehofft, datt den Ishak awer nach de Gol géing fannen, ma dat sollt net méi de Fall sinn. Fir d'Decisioun huet de Brekalo an der Nospillzäit gesuergt, dat no engem schéin erausgespillte Konter. No den 90 Minutte gewënnt Wolfsburg also zu Nürnberg mat 2:0.

An der zweeter däitscher Bundesliga huet d'Arminia vu Bielefeld mam neien Trainer, Uwe Neuhaus, auswäerts 2:1 géint Holstein Kiel gewonnen. Fir Bielefeld hunn de Serra an de Börner getraff. Bielefeld ass am éischte Match no der Entloossung vum Lëtzebuerger Trainer Jeff Saibene mat engem anere Gesiicht a méi Selbstvertrauen opgetrueden. Fir d'Arminia war et déi éischte Victoire zanter dem 25. September.