An der Serie A am italienesche Volleyball huet Ravenna mam Kamil Rychlicki mat 0:3 zu Padova verluer.

Keng Chance hat de Weekend Ravenna mam Kamil Rychlicki am italiensche Volleyball-Championnat. Auswäerts huet een nämlech mat 0:3 (19:25, 19:25, 14:25) verluer. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet 12 Punkte fir Ravenna markéiert. No 12 Spilldeeg steet Ravenna op der 9.Plaz an der Tabell.

E gudde Weekend war et fir d'Tina Welter an der zweeter däitscher Handball-Bundesliga. D'Lëtzebuerger Nationalspillerin huet e Samschdeg 4 Goler markéiert a konnt sech um Enn mat Waiblingen iwwert eng 36:29-Victoire géint BSV Sachsen Zwickau freeën. An der Paus loung ee schon mat 20:13 a Féierung. No 12 Spilldeeg steet d'Lëtzebuergerin mat hirer Ekipp op der 5. Plaz.

Am hollännesche Basketchampionnat huet den Helder mam Alex Laurent mat 76:97 zu Leiden verluer. De Lëtzebuerger huet 11 Punkte markéiert. Den Ament steet den Helder op der 8. Plaz an der Tabell.

Am Volleyball-Championnat an der Belsch huet Waremme mam Chris Zuidberg 3:2 bei BDO Haasrode Leuven gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet 8 Punkten zur Victoire bäigedroen. Waremme steet no 10 Spilldeeg op der zweetleschter Plaz an der Tabell.

Keng Chance hat Tréier e Freideg den Owend an der Pro A am Basketball zu Hanau. Um Enn gouf et eng 66:81-Defaite (11:26, 12:14, 21:24, 22:17). De Lëtzebuerger Nationalspiller Thomas Grün huet fir Tréier 4 Punkte markéiert a stoung 15 Minutten um Parquet.